De Litty – didaktesch Materialien iwwert Lëtzebuerger Kultur
(Code : D3-b-29)
Zielsetzung / Objectifs
Mat sengen didaktesch ausgeriichten Themenhefter fir Grondschoul a Lycée ‘De Litty’ wëll de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom – Centre d’études et de documentation musicales) ausgewielten Aspekter vun der Lëtzebuerger Kultur opschaffen an de jonke Generatiounen an den Enseignanten nobréngen.
An der Formatioun iwwert de ‘Litty’ ginn d’Enseignanten opmierksam gemaach op d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Kultur, léiere praktesch Beispiller kennen a kréien Iddie fir de methodeschen Asaz vun den Schoulmaterialien.
D’Litty-Hefter passe generell a schoulech Léierberäicher wéi Lëtzebuergesch, Geschicht, Kultur a Musek.
Inhalt / Contenu
- Iwwerbléck: Musek a Kultur zu Lëtzebuerg
- Virstellung vun der didaktescher Serie "Les carnets didactiques du Cedom"
- theoreteschen a prakteschen Ëmgang mat den Aarbechtsmaterialien Litty (Lächertexter, Verständnisfroen, Feelertexter, Lauschteraufgaben, Wierfelspiller, Wëssenslidder, Hannergrondinformatiounen an CD-Rom).
D'Hefter vum Litty ginn de Participanten zur Verfügung gestallt a kënne gratis mat heem geholl ginn.
Weider Informatiounen fennt een op : www.bnl.lu ennert Publications du Cedom.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Vortrag - praktischer Umgang mit den Materialien.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Georges Urwald, Museksprofesser am LCE a professeur détaché am Cedom/BnL
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le lundi 23 octobre 2017 de 17 à 20 heures (Schwéierpunkt Litty 4: Jazz zu Lëtzebuerg) |
Lieu : | Bibliothèque Nationale de Luxembourg - Annexe Kirchberg |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Form annulée |
Délai d'inscription : | 23/09/2017 |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le lundi 26 février 2018 de 17 à 20 heures (Schwéierpunkt Litty 4 + Litty Extra: Lëtzebuerger Fräiheetslidder oder Lëtzebuerger Geschicht am Lidd, Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung) |
Lieu : | Bibliothèque Nationale de Luxembourg - Annexe Kirchberg |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 9 |
Statut de la formation : | Form attestée |
Délai d'inscription : | 26/01/2018 |
Groupe C
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le lundi 14 mai 2018 de 17 à 20 heures (Schwéierpunkt Litty 4 + Litty Extra: Lëtzebuerger Fräiheetslidder oder Lëtzebuerger Geschicht am Lidd, Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung) |
Lieu : | Bibliothèque Nationale de Luxembourg - Annexe Kirchberg |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 13 |
Statut de la formation : | Form attestée |
Délai d'inscription : | 14/04/2018 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Ordre/s d'enseignement : | C2-C4, ES |
---|---|
Public cible : | personnel enseignant et éducatif de l'EF C4 et de l'ES/G |
Langue(s) : | luxembourgeois |
Informations : | Institut de formation de l'Education nationale |