Den DemokratieLabo - une exposition interactive sur la démocratie
(Code : D4-e-16)
Kontext / Contexte
Wéi an engem richtege Labo, lued Den DemokratieLabo all d‘Visiteuren an, Neies ze entdecken, ze experimentéieren an ze erfuerschen.
Déi „eng an eenzeg Demokratie“ gëtt et net. Demokratie ass ee Prozess, deen ni ofgeschloss ass, an dee vun neien an anere Meenungen an Iddie lieft a sech ëmmer weiderentwéckelt. Den DemokratieLabo probéiert mat Hëllef vun Experimenter op eng interaktiv a onvirageholl Aart a Weis jidderengem d’Demokratie an all hire Facetten méi nozebréngen. Dozou gehéieren och oppe Froen, d’Vertriede vu verschiddene Meenungen a Konflikter.
D’Ausstellung den DemokratieLabo ass fir jiddereen ab 12 Joer geduecht. Et ginn dräi verschidde Parcoursen, soudatt fir all Visiteur a Vistieuse oder Grupp eppes dobäi ass.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participant/ë/n wëssen, datt d’Demokratie villschichteg ass, sech stänneg verännert an net an de Stee gemeesselt ass. D’Demokratie lieft! Et mussen ëmmer Efforte gemaach gi fir d’Fortbestoen ze sécheren.
Fähegkeeten
D'Participant/ë/n verstinn :
- datt et verschidde Méiglechkeete ginn sech mat Demokratie ze beschäftegen
- aus wéi vill verschidde Perspektiven d’Demokratie ënner d’Lupp geholl ka ginn
- datt d’Demokratie net selbstverständlech ass, neien Input néideg ass a sech éiwech am Wandel befënnt.
Haltung
- D'Participant/ë/n traue sech, fir Theme ronderëm Demokratie och kritesch ze hannerfroen
- a ginn ermontert fir sech ënnereneen auszetauschen an op ze si fir nei Iddien.
Inhalt / Contenu
Am DemokratieLabo gëtt sech, wéi den Numm et scho seet, mat Demokratie beschäftegt. Dëst gëtt op verschidde Manéieren an aus ënnerschiddleche Bléckwénkele gemaach, fir ë.a. der Komplexitéit an awer och de verschiddenen Altersgruppe gerecht ze ginn.
Heibäi handelt et sech ëm: Partizipatioun, Polariséierung, soziale Wandel, Integratioun, Roll vun de Medien, Elementer vum Rechtsstat, Mënscherechter, Indentitéit(en), Viruerteeler, Fräiheet, Ongläichheet a Gerechtegkeet.
Am Virdergrond stinn net d’Institutioune vun der Demokratie, mee aktuell Froen, déi d’Zesummeliewen an d’Gesellschaft betreffen. D’Froen, déi gestallt ginn, befaassen sech net mam Oflaf vu Walen oder wéi sech eng Regierung zesummesetzt, mee mat Froe wéi “wat ass iwwerhaapt meng Meenung dozou” oder “wat solle mir maachen, wa mir eis net eenz sinn?”. D’Visiteure an d'Visiteusen erfuerschen d’Spannungsfelder vun enger demokratescher Gesellschaft a stelle fest: “Dat huet eppes mat mir ze doen".
Des Weidere kréien d’Participant/ë/n nach ë puer Méiglechkeeten opgewisen, wéi si déi eenzel Theme weider mat hire Schüler an der Klass behandele kënnen. Dozou gehéiert och pädagogescht Material fir d’Nobereedung am Cours.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Selwer experimentéieren
- Reflexioun
- Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Fabienne Bernardini, Zentrum fir politesch Bildung
Remarques / Anmerkung
Depuis le rond-point, prendre la Rue du Lycée (geoportail) / Route de Luxembourg (google maps) pour entrer sur le site du Lycée
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mercredi 16 octobre 2024 de 14.50 à 16.50 heures |
Lieu : | Lycée Mathias-Adam-Lamadelaine - Salle des fêtes au rez-de-chaussée |
Nombre max. de participants : | 25 |
Places disponibles : | 25 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, français sur demande (merci de le remarquer lors de l'inscription) |
---|---|
Informations : | Vanessa Reinsch - formations@zpb.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le Zentrum fir politesch Bildung |