Visite guidée vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“
(Code : D1-b-81)
Kontext / Contexte
Dëse Cours adresséiert sech un d’Léierpersonal aus de Lycéeën an der Erwuessebildung, déi d’Expo „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ wëllen am Detail kenne léieren.
Iwwer d’Ausstellung:
Déi mobil Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sproch (ZLS) mam Titel „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.
D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:
- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?
Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen d'Expositioun "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)": Modüller, Statiounen, an hir wichtegst Informatiounen.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- de Contenu ze studéieren an ze reflektéieren
- déi interaktiv Elementer ze notzen.
Haltung
D’Participanten/-teën:
- tausche sech mat den Intervenanten/-teën an den anere Participanten/-teën aus
- riichte sech ouni Ëmwee un den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, wann se eng Fro hunn.
Inhalt / Contenu
- Begréissung
- Presentatioun vun der Wanderausstellung
- Visitt vun der Expo mat Zäit fir Austausch a Reflexioun zu all eenzelner Statioun.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Visitt vun der Expo an interaktiv Presentatioun
- Froen an Äntwerten
- Méiglechkeete fir gemeinsamen Austausch iwwer d’Reflexiounen zu der Ausstellung.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sarah Muller, Soziolinguistin, Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Alex Gillander, Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le vendredi 28 juin 2024 de 15.30 à 17 heures |
Lieu : | Lycée Classique Echternach - Kräizgang |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 10 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le vendredi 28 juin 2024 de 17 à 18.30 heures |
Lieu : | Lycée Classique Echternach - Kräizgang |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 7 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant Personnel administratif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Sarah Muller (ZLS) - sarah.muller@lod.lu; Alex Gillander (ZLS) - alex.gillander@lod.lu |
Organisation : | Formation organisée en coopération avec le Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (zls.lu) |