D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino
(Code : D1-b-79)
Kontext / Contexte
Déi mobil Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sproch (ZLS) mam Titel „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ gëtt den 28. Juni am Iechternacher Kolléisch gewisen. An deem Kontext organiséiert den ZLS och e Virtrag iwwer „D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino“ am Ciné Sura.
Iwwer de Virtrag:
De lëtzebuergesche Kino ass e vergläichsweis rezente Phenomeen. Bis Ufank vun den 1980er-Joren hunn sech déi professionell Filmaktivitéiten am Grand-Duché op d’Schafe vun eenzele Pionéier wéi beispillsweis de René Leclère oder de Philippe Schneider beschränkt, déi awer virun allem Documentairë gedréit hunn.
Duerch de grousse Succès, deen d’Spillfilmaarbechte vun der AFO (Congé fir e Mord, 1983), RTL (Déi Zwéi vum Bierg, 1985) an dem Andy Bausch (Troublemaker, 1988) beim einheimesche Public fir sech konnte verbuchen, ass den Interessi u lëtzebuergeschen – a lëtzebuergeschsproochegen – Filmproduktioune genausou gewuess wéi d’Bereetschaft vum Staat, d’Entwécklung vu professionelle Filmproduktiounsstrukturen ze fërderen.
Säitdeem entwéckelt sech den nationale Kino gewëssermoossen an zwou Richtungen: Der Sich no enger decidéiert lëtzebuergescher filmescher Identitéit, inklusiv eegener Theemen- a Billersprooch, stinn Internationaliséierungsbestriewunge géintiwwer, mam Zil, lëtzebuergesch (Ko-)Produktiounen och am Ausland visibel ze maachen. All dës Entwécklungen haten an deene leschte Joerzéngten en Afloss dorop, wéi eng Sproochen an Dialekter an de Filmproduktiounen zum Asaz koumen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participantë/-teë kennen a verstinn déi villfälteg Lienen tëschent Kino, Gesellschaft a Sprooch.
Fäegkeeten
D’Participantë/-teë si capabel:
- Filmproduktiounen an hirem jeeweilege geschichtleche Kontext ze situéieren an ze analyséieren
- de Sprooch(en)gebrauch a Filmer ze analyséieren
- Filmer an hire Sprooch(en)gebrauch als Spigelbild vun hirer Zäit ze liesen
- Extraiten aus Filmproduktiounen op eng didaktesch uspriechend Manéier an hire Cours ze integréieren.
Haltung
D’Participantë/-teë ginn encouragéiert, Filmer als didaktescht Mëttel an hire Coursen ze benotze fir iwwer gesellschaftlech, kulturell a sproochlech relevant Theemen ze schwätzen.
Inhalt / Contenu
Dëse Virtrag zeechent – ënnermoolt vu sëllege Beispiller aus der Lëtzebuerger Filmwelt – no, wéi eng cineastesch, kulturell an ekonomesch Facteure fir de Sprooch(en)gebrauch am Lëtzebuerger Kino ausschlaggebend waren a sinn, vu sengen Ufäng bis haut.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
D’Presentatioun ass ënnermauert an illustréiert mat sëllegen Extraiten aus Lëtzebuerger Filmproduktiounen.
No der Presentatioun gëtt et d'Méiglechkeet, sech an engem conviviale Kader gemeinsam weider iwwer de Sujet auszetauschen, Meenungen ze deelen an domat de Kontakt tëschent de Participanten/-teën ze fërderen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Yves Steichen (CNA)
Remarques / Anmerkung
Virum Virtrag kann ee vun 15:30 - 17:00 oder vu 17:00 - 18:30 eng Visitt vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ am Iechternacher Kolléisch maachen. Dës Visitte sinn och als Ifen-Formatioun ausgeschriwwen.
Virum Virtrag gëtt et eng Klengegkeet z'iessen an ze drénken.
Wann Dir Iech fir dës Formatioun umellt, ass Är Plaz am Kino automatesch reservéiert. Dir musst Iech net méi iwwer de Ciné Sura umellen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le vendredi 28 juin 2024 de 19 à 21 heures |
Lieu : | Ciné Sura - Echternach |
Nombre max. de participants : | 30 |
Places disponibles : | 17 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Sarah Muller (ZLS) - sarah.muller@lod.lu |
Organisation : | Formation organisée en coopération avec le Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (zls.lu) avec Yves Steichen (CNA). |