DASH Live Challenge - Einführung
(Code : D6-f-01)
Kontext / Contexte
Dir schafft am Cycle 3? an hutt Loscht mat Äre Kanner den DASH-Roboter ze entdecken a flott Missiounen zesummen ze kodéieren? Da sidd Dir hei genee richteg, a keng Angscht, Dir braucht och keng Erfarung am Kodéieren ze hunn.
Wärend der Formatioun geet et drëms, Iech den DASH-Roboter a seng villfälteg Funktioune méi no ze bréngen. Des Weideren gëtt Iech d'DASH Live Challenge virgestallt bei der block-baséiert Kodéiersprooch, Teamgeescht a Kreativitéit e wichtege Bestanddeel sinn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- Funktioune vum DASH-Roboter
- de Oflaf vun der DASH Live Challenge
- den Inhalt vun der DASH Live Challenge
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel, den DASH-Roboter ze kodéieren an de Schüler/-innen dëst Wëssen weider ze vermëttelen.
Haltung
D'Participantë/-teë fillen sech sécher, den DASH-Roboter an d'blockbaséiert Kodéiersprooch an hire Schoulalldag ze integréieren.
Inhalt / Contenu
- Präsentatioun vum DASH-Roboter a séngen Funktiounen
- Präsentatioun vun de verschiddenen DASH Applikatiounen (Go for Dash & Dot Robots; Blockly for Dash & Dot robots)
- Präsentatioun vun der DASH Live Challenge
- Hands-on Aktivitéiten + selwer Ausprobéieren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Präsentatioun
- Austausch
- Hands-on Workshop.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Laurene Kroon, Project coordinator (SCRIPT)
Pascal Hoffmann, Instituteur
Remarques / Anmerkung
Léif Participanten,
Bréngt w.e.g follgend Saache mat:
- en iPad/Tablet mat follgenden Applikatiounen: Go for Dash & Dot Robots; Blockly for Dash & Dot robots
- ären DASH-Roboter aus der Schoul (Këscht: Einfach kodéieren déi un all Cycle 2 an 3 verdeelt gouf).
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 10 octobre 2024 de 14 à 16 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 15 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant du cycle 3 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Prérequis : | Material dat dir matbrénge musst:- en iPad/Tablet mat follgenden Applikatiounen: Go for Dash & Dot Robots; Blockly for Dash & Dot robots- ären DASH-Roboter aus der Schoul (Këscht: Einfach kodéieren déi un all Cycle 2 an 3 verdeelt gouf). |
Informations : | Laurene Kroon - laurene.kroon@men.lu; Pascal Hofmann - pascal.hoffmann@men.lu |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le SCRIPT |