Jugendliteratur zu Lëtzebuerg
(Code : D1-d-35)
Kontext / Contexte
Besonnesch am Cycle inférieur vum Enseignement secondaire gëtt vill Jugendliteratur gelies. An et ass och oft iwwert dee Wee, dass ee jonk Leit un d'Liese kritt. Mä laang gouf et zu Lëtzebuerg nëmme wéineg Publikatiounen an deem Beräich. Dat ännert sech elo - an et ass d'Geleeënheet, fir iwwert den Developpement vun der Jugendliteratur an hire Rôle fir d'Didaktik vum Sproochenunterrecht zu Lëtzebuerg ze schwätzen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- Standardwierker vun der Jugendliteratur zu Lëtzebuerg
- Auteuren, déi sech an hirem Wierk besonnesch fir d'Liewenswierklechkeet vu Jugendlechen interesséieren
- Froen, déi sech déi Jonk als Lieser stellen.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- verschidde Forme vu Jugendliteratur z'ënnerscheeden an op hiren didaktesche Wäert z'analyséieren
- sech mat de Froen, déi jonk Leit un d'Literatur stellen, auserneesetzen
- bestëmmten Texter aus der däitsch- a lëtzebuergeschsproocheger Jugendliteratur am Unterrecht asetzen.
Haltung
D'Participantë/-teë reflektéieren, wéi si:
- den Horizont vun de Ganzlecturen ze erweideren an de spezifesch méisproochege Lëtzebuerger Kanon, deen sech mat der Liewenswierklechkeet vun de Jugendlechen an eise Schoulen auserneesetzt, kennen ze léieren
- deene Jonken nozelauschteren, an hir Aschätzung vun der Lecture an an ausserhalb vun der Schoul ze valoriséieren.
Inhalt / Contenu
Gëtt Jugendliteratur eigentlech fir Jonker geschriwwen? Oder probéieren d’Schrëftsteller/-innen virun allem mat deem Jugendlechen an en Dialog ze trieden, deen si selwer waren? Wëlle Jugendlecher iwwerhaapt beschriwwen an interpretéiert ginn – oder léiwer ënnerhalen an invitéiert op eng Rees a fiktional Welten?
Doriwwer diskutéieren d’Clara Hofmann, de Raphael Lanscotte Wietor an de Viljami Viinamäki aus dem Lycée Ermesinde mat de Lëtzebuerger Schrëftsteller/-innen Anja Di Bartolomeo, Tullio Forgiarini a Roland Meyer. Am Fokus stinn Texter op Däitsch an op Lëtzebuergesch.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Dräi Auteuren, déi ganz ënnerschiddlech Jugendliteratur a verschiddene Sprooche schreiwen, diskutéieren hiert Wierk an hir Approche mat dräi jonke Lieser, déi sech intensiv mat dëser Fro auserneegesat hunn. Dozou gehéieren och Froe vun der Liesfërderung a vun der Participatioun vu Schüler/-innen am kreative Prozess.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Claudine Muno, Responsabel Sätzwierk LEM
Remarques / Anmerkung
Besonnesch interessant fir Däitsch- a Lëtzebuergeschproffen a jiddereen, dee Schreifatelieren mat Jugendlecher leet.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 7 mai 2024 de 19.30 à 21 heures |
Lieu : | Centre National de Littérature - Salle Tony Bourg |
Nombre max. de participants : | 60 |
Places disponibles : | 19 |
Statut de la formation : | Inscriptions clôturées |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant des langues |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois et allemand |
---|---|
Informations : | Nathalie Jacoby - nathalie.jacoby@cnl.etat.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le Centre national de littérature |