Orientatiounsprozess am Cycle 1 iwwert d’Alphabetiséierung op Franséisch oder Däitsch
(Code : D1-c-04-PF-Alpha2.0)
Kontext / Contexte
Wéi begleeden ech als Enseignant/e d’Schüler/-innen an hir Elteren/Bezuchspersounen an hirem Choix vun der Alphabetiséierung op Franséisch oder Däitsch. Gespréichsgrondlagen mat Kriterienopstellung fir déi eng oder aner Optioun.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participante kennen:
- d‘Kriterien, déi de Choix fir d’Alphabetiséierung op Däitsch oder Franséisch bestëmmen
- d’Individualitéit an d‘Komplexitéit vun de verschiddene méisproochege Situatiounen.
Fäegkeeten
Participante kënnen d’Schülerinnen a Schüler, zesumme mat hiren Elteren / Bezuchspersounen um Wee an de C2 an déi Optioun begleeden, déi hirem méisproochege Profil entsprécht.
Haltung
Participante deelen a reflektéieren hir eegen Erfarungen.
Inhalt / Contenu
D’Léierpersonal am C1 huet déi schwiereg Aufgab, zesumme mat den Elteren / Bezuchspersounen, d’SaS an déi eng oder aner Optioun ze orientéieren.
An dëser Formatioun geet et drëm :
- Sprooche jee no Famill an Typologie anzeuerdnen
- d’Méisproochegkeet vun de SaS an hirer Individualitéit a ganz oft ganz grousser Komplexitéit ze diskutéieren
- objektiv Kriterien ze diskutéieren, déi de Choix fir déi eng oder aner Optioun ze argumentéieren, besonnesch fir déi SaS, deenen hir staark Sprooch weder germanesch nach romanesch Originnen huet an / oder an engem komplexe méisproochegen Ëmfeld opwuessen
- Grondlage vum Orientéierungsgespréich mat den Elteren / Bezuchspersounen ze reflektéieren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Input
- Beispiller
- Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Michèle Lorang, Dr phil, professeure au Centre de Logopédie
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Blended learning |
---|---|
Date : | 1. en présentiel à l'IFEN-Walferdange : le jeudi 10 octobre 2024 de 14 à 17 heures 2. en ligne sur Teams : le jeudi 23 octobre 2024 de 17 à 18 heures |
Lieu : | Formation en blended learning : séances en présentiel et en ligne |
Nombre max. de participants : | 18 |
Places disponibles : | 11 |
Statut de la formation : | Inscriptions ouvertes au cours du 1er trimestre 2024-25 |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgoise |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |