Kick-off MATHI fir d'Zyklen 1 bis 4: Nei Schoulbicher a Materialkëschte fir Mathematik zu Lëtzebuerg ze léieren
(Code : D2-a-36)
Kontext / Contexte
Mir si frou, Iech op de MATHI-Kick-off am Forum Geesseknäppchen ze invitéieren, ee Projet, deen zu Lëtzebuerg fir d'Schülerinnen a Schüler an d'Léierpersonal aus de Lëtzebuerger Schoulen entwéckelt ginn ass. MATHI ass een neit, a senger Kontinuitéit spiralesch opbauend Konzept fir d'Léiere vun der Mathé an den Zyklen 1 bis 4 vun der Grondschoul am Laf vun deenen nächste Joren nei ze denken.
Zielsetzung / Objectifs
D'MATHI-Konzept lieft souwuel am Klassesall wéi och doriwwer eraus. Et gräift den eenzegaartege, méisproochege Kontext vun de Lëtzebuerger Schoulen op a bitt eng innovativ Approche, déi sech un d'Bedierfnesser vun de Schülerinnen a Schüler upasst. Des Weideren huet d'Material vum MATHI d'Ambitioun, d'Léierpersonal esou vill wéi méiglech am Alldag ze ënnerstëtzen, fir datt méi Zäit fir d'Aarbecht mat de Schüler zur Verfügung steet.
Um Kick-off gi follgend Aspekter vum Projet beliicht:
- Didaktesch a pedagogesch Innovatioune vum MATHI-Konzept
- MATHI an eis sproochlech Diversitéit zu Lëtzebuerg
- Presentatioun vum komplette MATHI-Package:
- Classeur & Materialkëschte fir den Zyklus 1, déi am Summer 2024 erauskommen
- Virstellung vum Formatiounsangebot fir d'Léierpersonal vum Zyklus 1 fir 2024/25
- Virstellung vun der Zäitschinn fir d'Erschénge vun de Materialie fir d'Zyklen 2 bis 4
- Ausprobéiere vun ausgewielte Materialien.
Inhalt / Contenu
Oflaf vum Kick-off:
14:30 bis 15:00: Arrivée an Aschreiwung vun de Participanten
15:00 bis 15:15: Begréissung duerch den Här Minister Claude Meisch
15:15 bis 15:45: Keynote vun de Professere Christiane Benz a Sebastian Wartha
15:45 bis 16:00: Presentatioun an zousätzlech Informatiounen zu de Materialie fir d'Zyklen 1 bis 4 an déi respektiv Zäitschinn
16:00 bis 17:30: Foire mat der Virstellung vun ausgewielten Aktivitéiten a Materialien & informellen Austausch
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Präsentatioun & Froeronn
- Foire & informellen Austausch
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Keynote:
- Prof. Dr. Christiane Benz, Institut fir Mathematik, Pedagogesch Héichschoul Karlsruhe
- Prof. Dr. Sebastian Wartha, Direkter vum Zentrum fir Rechestéierungen, Institut fir Mathematik, Pedagogesch Héichschoul Karlsruhe
Weider Interventiounen:
- Frauke Kesting, Dokter an der Pedagogik, SCRIPT
- Nathalie Gales, SCRIPT
- Filipe Lima, SCRIPT
Remarques / Anmerkung
Une partie de l'événement sera filmée.
Les participants devront se garer au P&R Bouillon: https://map.geoportail.lu/theme/main?fid=152_061E01170005500_208_61
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | Cycle 1 : le mardi 19 mars 2024 de 14.30 à 17.30 heures |
Lieu : | Forum Geesseknäppchen - Salle polyvalente |
Nombre max. de participants : | 400 |
Places disponibles : | 128 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | 18/03/2024 |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | Cycles 2-4 : le mardi 19 mars 2024 de 14.30 à 17.30 heures |
Lieu : | Forum Geesseknäppchen - Salle polyvalente |
Nombre max. de participants : | 200 |
Places disponibles : | 35 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | 18/03/2024 |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant Formateur |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, allemand |
---|---|
Informations : | info@mathi.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec la Division du développement du curriculum du SCRIPT |