Vu Lego bis Robotik – spilles Léiere fir d’Zukunft
(Code : D6-f-24)
Kontext / Contexte
Ween an Zukunft um Aarbechtsmarché an am Liewe wëll matkommen, deet gutt drun, Basiskompetenzen am sougenannte "computational thinking" ze entwéckelen. Wee sech méi fir digital Kompetenzen an automatiséiert Prozesser intresséiert, fënnt och am Lëtzebuerger Schoulsystem e Wee fir e spéidere Beruff.
Enn Februar ass schonns déi zweet national Robotikwoch am Forum Geesseknäppchen, mat der analoger Robotik Junior Challenge, der First Lego League, an de LuxSkills-Concourse Mobile Robotics a Robot Systems Integration.
Vu September 2019 u kann een zu Lëtzebuerg d’Technikerausbildung Smart Technologies maachen.
Zanter dem Schouljoer 2020-2021 léiere Kanner am Fondamental Kodéieren, an als logesch Suite dovu gouf e Joer méi spéit an de Lycéesklassen d’Fach "Digital Sciences" agefouert.
Firwat gëtt esouvill iwwer compétences numériques geschwat? Wisou ass et gutt ze wëssen, wéi e Roboter funktionéiert, wou e jo dach alles selwer mécht? An ass e Bot wierklech eng Hëllef? Automatiséiert Mécaniquen, Roboter, Bots, Infotronik, Programméieren, sequenziellt Denken, binär Coden, analoogt versus digitaalt Léieren – ween sech an dëse Beräicher net auskennt, deet sech ënner Ëmstänn schwéier den Zweck vum Codéieren a vu Schoulfächer wéi den Digital Sciences anzegesinn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- d'Kompetenze vu Problem-Leisen
- d'Grondlage vum Coding
- de Mediekompass.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- hier eegent Wëssen a Kompetenzen am Beräich vum Digitalen an der Wëssensvermëttlung dovun anzeschätzen
- virwëtzeg wat fir eng Méiglechkeeten et nach gi fir Coding /digital sciences ze vermëttelen
- gesi wat dës Wëssensvermëttlung de Schüler/-innen brengt.
Haltung
D'Participantë/-teë:
-si selwer oppe fir d'Léiere vun digitale Kompetenzen
-si sech bewosst dass si sech digital um Lafenden hale solle fir dat Wësse weiderzevermëttelen
-si gewëllt och nei Weeër an der Wëssensvermëttlung vu Mediekompetenz an digitale Kompetenzen ze goen.
Inhalt / Contenu
Robotik an digital Funktioune sinn aus eisem Alldag net méi ewechzedenken. Dacks mierke mir mol guer net, wou si agesat ginn, profitéieren awer dovun.
Wat kann e Roboter iwwerhaapt? Kann en och selwer léieren? An wat brauche jonk Leit fir mat der Vitesse vun der Entwécklung am digitale Beräich matzewuessen?
Ween wëll verstoe wéi digital Funktiounen opgebaut sinn, ass besser dru wann e weess wéi automatiséiert Prozesser funktionéieren. Dat kann ee scho vu Klengem un , an och analog, no an no léieren.
Fir d'Verstoe vun esou Prozesser ze fërdere ginn et mëttlerweil eng ganz Rei Méiglechkeeten am Enseignement: Robotik-Concourse wéi d'Junior Robot Challenge an d'First Lego League an der Grondschoul, Coding, wat ugepasst un de Cycle Aktivitéite virschléit fir dass Kanner z.Bsp. versti fir wat e Roboter e Befeel brauch, an dee Befeel muss präzis sinn. An den éischte Joren am Lycée gëtt dat sougenannt computational thinking am Fach "Digital Sciences" erweidert: hei geet et vun der Definitioun vun engem Roboter iwwer d'Programmatioun, d'Limitten a méiglech Gefore bis bei Chatbots. Sou kënnen d'Schüler a Schülerinnen um Enn net nëmmen automatiséiert an digital Apparater an Uwendunge benotzen, mee verstinn och wéi se opgebaut sinn a funktionéieren. Wee sech a senger weiderer schoulescher Entwécklung fir e Beruff am Beräich vun der Infotronik, den erneierbaren Energien oder zum Beispill der Robotik interesséiert huet d'Méiglechkeet säin Ofschloss an de "Smart Technologies" ze maachen.
Iwwer den Opbau vun dësem Wëssen, d'Entwéckele vun den néidege Kompetenzen an de Wee vum Verstoe vu komplexe Prozesser an der Robotik an an den digitale Wëssenschafte geet rieds am Webinaire. Mat Beispiller vum Terrain a gelieften Erfarunge vu Schüler a Schülerinnen a vu Léierpersonal kritt een en Iwwerbléck iwwer d'Offer déi besteet, d'Formatiounen déi gebuede ginn, an d'Wichtegkeet souwéi den Notze vun dëse Kompetenzen, déi nieft de 4 K zu deene wichtege vum 21. Joerhonnert gehéieren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu
Moderéiert Diskussioun mat de 4 Invitéen, weideren Aussoen zum Thema, an der Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder d'WhatsApp 621 44 00 44 ze stellen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Jill Aniset, Institutrice spécialisée en compétences numériques, IFEN
Pascal Hoffmann, Schoulmeeschter, Coordinateur Junior Robot Challenge, SCRIPT
Claude Loullingen, Professer fir Smart Technologies am LGK, Expert LuxSkills an der Robot Systems Integration
Luc Schreiner, Franséischprofesser am LTL, Aarbechtsgrupp Digital Sciences SCRIPT
Remarques / Anmerkung
Sie erhalten spätestens einen Tag vor Start der Weiterbildung den Zugangslink zu dem Weiterbildungskurs. Bitte melden Sie sich mit Ihren IAM Daten an, um Zugang zum Kurs zu erhalten.
Live-Stream ist auch auf www.100komma7.lu zu finden.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 30 janvier 2024 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Moodle |
Nombre max. de participants : | 800 |
Places disponibles : | 99 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 30 janvier 2024 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Moodle |
Nombre max. de participants : | 600 |
Places disponibles : | 168 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EM] Enseignement musical (conservatoires et écoles de musique communales) [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Nathalie Bender - Nathalie.Bender@men.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le SCRIPT et radio 100,7 |