Deng Stëmm zielt! Participatioun vu Kanner a Jonken
(Code : D4-e-34)
Kontext / Contexte
Demokratie wëll geléiert sinn. E friddlecht Zesummeliewe vu Mënsche brauch Reegelen, awer virun allem och Matschwätzen. Fir dass ee matschwätze kann, sollt ee gutt informéiert sinn a léieren, wéi een diskutéiert an argumentéiert. Participatioun ass aus enger echter Demokratie net ewechzedenken, a soll sou fréi wéi méiglech geléiert ginn.
Am Prakteschen heescht dat: üben, üben, üben. An net ophale säi Recht op Participatioun ze kennen an och auszeüben. Mä: wat ass eigentlech Participatioun? A wéi kann een dat léieren? Wat gëtt et zu Lëtzebuerg am Schoulsystem an an der informeller Bildung schonn? Wat kann een nach ausbauen?
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
D’Participante kennen:
- demokratesch Wäerter
- d'Prinzippien vun der Participatioun
- d'Kannerrechter.
Fähigkeiten
D’Participante si capabel:
- d'Matsproocherecht vu Kanner a Jugendlechen eescht ze huelen
- sech konkret virzestellen wéi Participatioun kann an den Alldag integréiert ginn
- déi verschidde Forme vu wéi ee Participatioun ka léieren ze reflektéieren.
Haltung
D’Participante :
- sinn oppe fir déi verschidde Forme vu Participatioun am formellen an informelle Kader vun der Bildung
- erkenne wat de Wäert vum aktive Matschwätzen ass
- kënnen Argumenter dem Alter vun de Kanner/ de Jugendlechen entspriechend unhuelen.
Inhalt / Contenu
Kanner a Jugendleche Participatioun bäibréngen erfuerdert, dass ee sech selwer mam Theema auserneegesat huet. Participatioun ass aktiivt Deelhuelen un der Gesellschaft, a gëtt engem d'Gefill, dass ee selwer eppes ka bewierken. Dofir muss een sech fir d'éischt bewosst sinn, wat ee wëllt erreechen. Dann Pro a Kontra ofweien, a seng Argumenter iwwerleeën, déi ee wëll virbréngen. Am Idealfall léiert ee vu Klengem un aktiv ze participéieren - doheem, an der Schoul, an engem Veräin. D'Aart a Weis, wéi Participatioun ka geléiert ginn, ass an der formeller an informeller Bildung ënnerschiddlech, awer de Prinzip ass nämmlecht.
Vu wéi engem Alter u kann een an engem Schoulparlament matwierken? Wat fir eng Kompetenze solle vun Ufank u geléiert ginn? Wéi këddelt een den Interessi um Matsproocherecht bei jonke Kanner? A wéi kann ee Jugendlecher motivéieren Ongerechtegkeeten net per se hinzehuelen, mä sech aktiv anzebrénge fir iwwer Kommunikatioun an Engagement eppes ze bewierken?
Wat léiert een an engem Debate Club? A muss ee politesch engagéiert si fir kënnen seng Participatioun ze liewen? Oder geléngt Participatioun och an der Zivilgesellschaft?
Wéi kann een aktiivt Nolauschteren, Argumenter presentéieren an en zilorientéierten Debat jonke Mënsche bäibréngen? Wéiwäit kann een dat an de formale Schoulunterrecht abauen? Wat steet souwisou am Plan d’études, an zu wéi engem Moment?
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu
Moderéiert Diskussioun mat de 4 Invitéen, weideren Aussoen zum Thema, an der Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder d'WhatsApp 621 44 00 44 ze stellen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Marc Birchen, Geschichtsprofesser, Nationale Coordinateur Debate Clubs, SCRIPT
Jana Degrott, Social Entrepreneur, Grënnerin vu WeBelong, fërdert jonk Politikinteresséiert
Sam Elsey, Schüler, President vum Jugendparlament, President Schülercomité Lycée Aline Mayrisch
Vanessa Reinsch, Mataarbechterin vum Zentrum fir politesch Bildung, ZpB
Remarques / Anmerkung
Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu (Dir fannt op www.100komma7.lu kuerz virum Ufank vum Beitrag de Link, Dir kritt kee Link geschéckt).
Wärend der Live-Emissioun hutt Dir d'Méiglechkeet Froen iwwert fro@webinar.lu oder d'WhatsApp 621 44 00 44 ze stellen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 12 décembre 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 12 décembre 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe C
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 12 décembre 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 805 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EM] Enseignement musical (conservatoires et écoles de musique communales) [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Nathalie Bender - Nathalie.Bender@men.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le SCRIPT et radio 100,7 |