Mat Lego d'Léierkompetenzen vum 21. Jorhonnert erliewen
(Code : A-d-64-EF-Dir14+15)
Kontext / Contexte
D'Schoulentwécklungsekipp aus dem Norde bitt reegelméisseg regional respektiv iwwerregional Austauschformater un, bei deenen Enseignanten aus de verschiddene Schoule mateneen a vunenee léieren.
Op dësem Nomëtteg fënnt dat gemeinsaamt Léieren op eng ganz praktesch Aart a Weis statt, andeems Lego-Challengen a klenge Gruppe bewältegt ginn. Dëst praktescht Erliewe vun "21st century skills" setze mir dann an de Gesamtkontext vum Ëmgang mat neie Medien a Schoulentwécklung.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participante kennen:
- wichteg Léierdimensiounen a -kompetenze vum 21. Jorhonnert (4D-Modell)
- d'Material Lego Education (WeDo, Spike)
- d'Basisfunktioune fir e Roboter ze programméieren (blockbaséiert)
Fäegkeeten
D'Participante si fäeg:
- a klenge Gruppe Lego-Challengen ze léisen
- hir Léiererfarunge mat Hëllef vum 4D-Modell ze reflektéieren
- hir Léiererfarungen an den eegenen Unterrechts- a Schoulkontext ze setzen
Haltung
D'Participante:
- sinn oppe fir nei Léiererfarungen a bedeelegen sech aktiv
- ënnerstëtze sech géigesäiteg
- reflektéieren hir berufflech Praxis (als Enseignant an als Member vun enger Schoulgemeinschaft)
- erweideren hire Bléck op Unterrechts- a Schoulentwécklung
Inhalt / Contenu
- Input zum 4D-Modell (= véier Dimensiounen, déi et fir d'Bildung am 21. Jorhonnert brauch)
- Léise vun Lego-Challengen a klenge Gruppen
- Austausch a Reflexioun
- je no Besoin Input zu Medienaarbecht, Unterrechts- a Schoulentwécklung
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- praktescht Ausprobéieren ("learning by doing")
- kooperativt Léieren
- kuerz Plénière-Momenter am Wiessel mat Klenggruppen- an Eenzelaarbecht
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Marc Kremer, Instituteur spécialisé en compétences numériques (I-CN)
Josiane Molitor, Institutrice spécialisée en développement scolaire (I-DS)
Yves Schintgen, Instituteur spécialisé en compétences numériques (I-CN)
Véronique Schmitz, Institutrice spécialisée en développement scolaire (I-DS)
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 28 novembre 2023 de 13.30 à 16.30 heures |
Lieu : | Kannerhaus am Wëlpark - affichage sur place |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 7 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant des directions régionales 14 et 15 (Diekirch et Wiltz) |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Josiane Molitor - josiane.molitor@ifen.lu |