Konsum, Cannabis & Co: Kanner a Jugendlech kompetent maachen
(Code : B2-i-67)
Kontext / Contexte
Reng theoretesch solle Kanner a Jugendlech net mat Substanze wéi Cannabis, Alkohol, Nikotin oder aneren Drogen a Beréierung kommen. Si sollten och e gesond Konsumverhalen entwéckelen, wat de Gebrauch vu soziale Medien, Handy, Tablet oder och nach d’Spillen online ugeet.
An enger Gesellschaft, an där et fir jonk Leit relativ einfach ass, souwuel u verschidden Aarte vun Drogen ze kommen, wéi och un aner Konsumgidder, déi – wann exzessiv genotzt – kënne schueden, ass et wichteg Kanner a Jugendlech soulaang wéi méiglech vu substanzgebonnenem an net-substanzgebonnenem Konsum ewechzehalen. Net just well de gesetzleche Kader et deels virschreift, mä villméi well et drëm geet, soulaang wéi méiglech kënnen eng konsumkompetent Entwécklung bei Kanner a Jugendlechen ze fërderen.
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
- déi méiglëch Geforen vum Gebrauch vun Drogen
- déi méiglëch Geforen wat den exzessiive Konsum vun soziale Medien oder Online Spiller ugeet
- d'Auswierkungen déi dat op déi Jonk kann hun.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
- déi verschidde Punkten déi an der Table ronde ugeschwat ginn ouni Viruerteeler ze lauschteren an ze reflektéieren
- sëch selwer an eegen Konsumverhalen ze hannerfroen
- rezent Erkenntnisser aus der Fuerschung opzehuelen.
Haltung
Die Teilnehmer/-innen:
- si gewëllt de Kanner a Jugendlechen wuelwëllendentgéintzestrieden
- méiglëch perséinlech Theemen an domat verbonne Reaktiounen ze reflektéieren
- oppen fir nei Siichten op d'Kompetenzentwecklung vu Kanner a Jugenlechen am Kontext vu Konsum a Substanzgebrauch.
Inhalt / Contenu
Vu wéini un ass Konsumverhalen e Probleem? Ass et ëmmer en Drama, wa Jonker sech en Nomëtteg hannert dem Tablet verschanzen? Muss ech e Schüler oder eng Schülerin, deen oder déi eemol beim Kiffen erwëscht gouf, signaléieren?
Wéi ginn ech als Schoulmeeschter oder Joffer, respektiv Professer oder Professesch domat ëm, wa mer opfält, dass bei engem Schüler oder enger Schülerin vläicht e Probleem vu Konsum virläit?
Wat ass da lo erlaabt, wat toleréiert a wat carrement verbueden? Ass Konsum vu Medien, Spiller, den Handy an der Täsch op 5ième e Probleem?
Ween kann ech froen, wann ech Zweifel hunn?
Et gi vill verschidde Forme vun Ofhängegkeeten, déi eng sinn un eng Substanz gebonnen, déi aner un e Verhalen, alleguer huele se dem Jonken en Deel vu senger Fräiheet.
Wéi kann ee verhënneren, dass Fëmmen oder exzessiivt Zocken dem jonke Mënsch Zukunftsperspektive verbauen?
Wat ass meng Flicht an der Schoul, wat soll ech wëssen, wéi hëllefen ech am beschten?
Wat huet sech an de leschte Jore verännert an der Virgoensweis vun der Präventioun, vun der Prise en Charge, a vum Gesamtbild vu problemateschem Konsum bei Kanner a Jugendlechen?
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu
Moderéiert Diskussioun mat de 4 Invitéen, weideren Aussoen zum Thema, an der Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder d'WhatsApp 621 44 00 44 ze stellen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Debora Plein, Dr.rer.nat., Service national de la Jeunesse, Coordinatrice der Initiative BEE SECURE
Andreas König, Dr., Psycholog, Chargé de direction vum Zenter fir exzessiivt Verhalen, ZEV
Daniela Dario, Attachée an der Direction générale du secteur de la jeunesse
Bob Zeimet, Suchttherapeut an Preventiounsagent beim Service Impuls vu Solidarité Jeunes
Remarques / Anmerkung
Dir kënnt de Beitrag um Radio lauschteren (100,7) oder iwwert den www.100komma7.lu. Dir kritt kee Link geschéckt.
Fir de Webinaire iwwer de Livestream kënnen ze gesinn, gitt Dir op d'Säit www.100komma7.lu, do fannt Dir kuerz virum Ufank vum Webinaire de Lien iwwer deen Dir de Beitrag suivéieren kënnt.
Jidderee ka seng Froen iwwer d’Thematik stellen, iwwer d’Emailadress fro@webinar.lu, oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 17 octobre 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 17 octobre 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 7 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe C
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 17 octobre 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 441 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, allemand |
---|---|
Informations : | Nathalie Bender - nathalie.bender@men.lu |
Organisation : | formation organiseé en coopération avec le SCRIPT et 100,7 |