Talking Pictures 2/6: Animal Horror Cinema – Déi monstréis Säit vun Natur an Déier
(Code : D2-b-44)
Kontext / Contexte
TALKING PICTURES
De Filmdepartement vum CNA zesumme mat der Médiathèque du CNA proposéieren dësen Hierscht eng nei Serie vun insgesamt 6 Ciné-Conférencen ënnert dem Numm Talking Pictures. An der éischter Saison vun dësem neie Format, dat sech un all Public riicht, ënnersiche mir aus enger filmgeschichtlecher a filmsproochlecher Perspektiv de Rapport tëschent Kino an Natur — an no all Ciné-Conférence gëtt et d'Méiglechkeet, an der Mediathéik vum CNA eng Selektioun vu Filmer a Bicher zu deem jeeweilegen Theema ze consultéieren oder auszeléinen, respektiv sech an engem conviviale Kader iwwer de Sujet auszetauschen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë kennen a verstinn déi villfälteg Lienen tëschent Kino a Geschicht, Gesellschaft, Kultur a Politik.
Fäegkeeten
D'Participantë sinn capabel :
- Filmproduktiounen an hirem jeeweilege geschichtleche Kontext ze situéieren an ze analyséieren
- déi politesch an ideologesch Messagë vun der jeeweileger Ensteeungszäit vun de Filmer ze dechiffréieren
- Filmer als Spigelbild vun hirer Zäit ze liesen
- eng filmgeschichtlech a filmsproochlech Approche bei der Analys vu Filmer ze entwéckelen
- Extraiten aus Filmproduktiounen op eng didaktesch uspriechend Manéier an hire Cours ze integréieren.
Attitudes
D'Participantë ginn encouragéiert, Filmer als didaktescht Mëttel an hire Course ze benotzen fir iwwer gesellschaftlech, kulturell a politesch relevant Theemen vun eiser Zäit ze schwätzen (wéi z. B. Ekologie an Natur).
Inhalt / Contenu
King Kong, Formicula, Godzilla, The Fly, Alligator, Arachnophobia – an der Kinosgeschicht huet déi monstréis Natur säit jeehier eng fest Plaz. Dacks fënnt si hiren Ausdrock iwwer schrecklech Déieren oder Kreaturen, déi entweeder vu sech aus géint d’Mënschheet rebelléieren oder d’Resultat dovu sinn, dass de Mënsch op déi ënnerschiddlechst Manéieren an d’Natur agegraff a se domat verännert huet. Filmer, déi dem Genre vum „Animal Horror Cinema“ zougeschriwwe ginn, thematiséieren dës Hybris a reflektéieren domat och eis Attitudë vis-à-vis vu Wëssenschaft a Gesellschaft, vun der Fragilitéit vum Ekosystem a vun der Ongewëssheet géigeniwwer den onkontrolléierbare Säite vun archaeschen Naturkräften.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
D’Presentatioun ass ënnermauert an illustréiert mat sëllechen Extraiten aus Filmproduktiounen
No der Presentatioun gëtt et d'Méiglechkeet, an der Mediathéik vum CNA Filmer a Bicher zu deem jeeweilegen Theema ze consultéieren oder auszeléinen, respektiv sech an engem conviviale Kader gemeinsam weider iwwer de Sujet auszetauschen, Meenungen ze deelen an domat de Kontakt tëschent de Participantë ze fërderen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Yves Steichen, CNA
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le samedi 14 octobre 2023 de 9.30 à 12 heures |
Lieu : | Centre National de l'Audiovisuel - CinéStarlight |
Nombre max. de participants : | 40 |
Places disponibles : | 4 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Yves Steichen - Yves.Steichen@cna.etat.lu |
Organisation : | formation organisée en coopéaration avec le CNA |