Talking Pictures 1/6 : Survival of the Fittest ? – Déierefilmer vun 1897 bis haut
(Code : D2-b-43)
Kontext / Contexte
TALKING PICTURES
De Filmdepartement vum CNA zesumme mat der Médiathèque du CNA proposéieren dësen Hierscht eng nei Serie vun insgesamt 6 Ciné-Conférencen ënnert dem Numm Talking Pictures. An der éischter Saison vun dësem neie Format, dat sech un all Public riicht, ënnersiche mir aus enger filmgeschichtlecher a filmsproochlecher Perspektiv de Rapport tëschent Kino an Natur — an no all Ciné-Conférence gëtt et d'Méiglechkeet, an der Mediathéik vum CNA eng Selektioun vu Filmer a Bicher zu deem jeeweilegen Theema ze consultéieren oder auszeléinen, respektiv sech an engem conviviale Kader iwwer de Sujet auszetauschen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë kennen a verstinn déi villfälteg Lienen tëschent Kino a Geschicht, Gesellschaft, Kultur a Politik.
Fäegkeeten
D'Participantë sinn capabel :
- Filmproduktiounen an hirem jeeweilege geschichtleche Kontext ze situéieren an ze analyséieren
- déi politesch an ideologesch Messagë vun der jeeweileger Ensteeungszäit vun de Filmer ze dechiffréieren
- Filmer als Spigelbild vun hirer Zäit ze liesen
- eng filmgeschichtlech a filmsproochlech Approche bei der Analys vu Filmer ze entwéckelen
- Extraiten aus Filmproduktiounen op eng didaktesch uspriechend Manéier an hire Cours ze integréieren.
Attitudes
D'Participantë ginn encouragéiert, Filmer als didaktescht Mëttel an hire Course ze benotzen fir iwwer gesellschaftlech, kulturell a politesch relevant Theemen vun eiser Zäit ze schwätzen (wéi z. B. Ekologie an Natur).
Inhalt / Contenu
Déierefilmer si wuel ee vun deene beléiftste Genren op der Televisioun. Och an de Kino komme reegelméisseg opwänneg Produktiounen, déi eis d’Natur an d’Déiere weisen, „sou wéi nach kee se gesinn huet“. Mee wéi ass dee Genre entstanen, an wéi huet en sech entwéckelt? Wéi eng Geschichten erzielt en eis? Wéi stellt en d‘Natur duer? Wat léiert de Genre eis iwwert d’Déieren, a wéi eng Déiere kréie mer doranner gewisen? Wat seet en eis iwwert eis eege Kultur an iwwert d’Welt an där mir liewen? An ass iwwerhaapt alles richteg, wat mer an den Déierefilmer gesinn?
Arbeitsformen / Approche méthodologique
D’Presentatioun ass ënnermauert an illustréiert mat sëllechen Extraiten aus Filmproduktiounen
No der Presentatioun gëtt et d'Méiglechkeet, an der Mediathéik vum CNA Filmer a Bicher zu deem jeeweilegen Theema ze consultéieren oder auszeléinen, respektiv sech an engem conviviale Kader gemeinsam weider iwwer de Sujet auszetauschen, Meenungen ze deelen an domat de Kontakt tëschent de Participantë ze fërderen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Viviane Thill, CNA
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le samedi 30 septembre 2023 9.30 à 12 heures |
Lieu : | Centre National de l'Audiovisuel - CinéStarlight |
Nombre max. de participants : | 40 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Yves Steichen - Yves.Steichen@cna.etat.lu |
Organisation : | formation organisée en coopéaration avec le CNA |