Sproochen an Dictionnairen am Fokus
(Code : D1-b-30)
Kontext / Contexte
D'Mme Kathrin Kunkel-Razum leet zanter 2016 déi wuel bekanntsten Dictionnaires-Redaktioun aus dem däitschsproochege Raum. Déi renomméiert an engagéiert Linguistin hëlt sech an der Woch vum 18. September Zäit, fir op Invitatioun vum ZLS op Lëtzebuerg ze kommen.
Spannend an interessant Theemen ëm d'Sprooch an ëm d'Dictionnairë gëtt et der genuch: Wéi funktionéiert eng Dictionnaires-Redaktioun? Wat fir eng Wierder gehéieren an e Referenzdictionnaire? Wéi gëtt de Choix vu Wierder getraff? Wat ass mat Neologismen an Anglizismen? Wat huet et mam Genderen op sech? Wat fir en Afloss wäert d'KI op d'Sprooch hunn? Wat fir eng Roll spillen d'Dictionnairen an der haiteger Welt? Wéi wichteg ass eng norméiert Orthografie?
Den LOD-Lexikograf Alexandre Ecker vertrëtt den ZLS op der Diskussiounsronn, déi vun der Journalistin Christiane Kremer – op Däitsch – animéiert gëtt.
Zum Schluss huelen d'Participantë sech natierlech Zäit, fir och dem Public Ried an Äntwert ze stoen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- d'Aarbechte ronderëm den Duden an den LOD
- d'Gemeinsamkeeten an d'Ënnerscheeder vum Duden a vum LOD.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- d'Aarbechten an d'Erausfuerderunge vun zwee ënnerschiddlechen Dictionnairen ze erfaassen
- d'Sproochensituatiounen an de Public cible fir déi verschidden Dictionnairen ze berücksichtegen.
Haltung
D'Participantë/-teë kënnen:
- sech mat den Intervenanten an de Participanten austauschen
- sech ouni Ëmwee un den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch riichten, wa se eng Fro hunn.
Inhalt / Contenu
- Begréissung
- Presentatioun vun den Dictionnairen: Duden a Lëtzebuerger Online Dictionnaire LOD
- Gespréichsronn mat der Mme Kathrin Kunkel-Razum an dem Här Alexandre Ecker
- Networking.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Diskussiounsronn
- Froen an Äntwerten
- Networking
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Alexandre Ecker, Lexikograf lod.lu, Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 19 septembre 2023 de 18 à 20 heures |
Lieu : | Forum Geesseknäppchen |
Nombre max. de participants : | 120 |
Places disponibles : | 38 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EM] Enseignement musical (conservatoires et écoles de musique communales) [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | Däitsch, Lëtzebuergesch |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (zls.lu) |