Kanner, virun d'Dier! Léieren dobaussen am cycle 2 - Themeberäich 1
(Code : D2-b-25)
Kontext / Contexte
Des Formatioun gët vu Membere vum Kollektiv "Kanner virun d'Dier" ugebueden. Ziel vun deem Kollektiv ass et, dass méi dobausse geléiert gëtt. Mat dëser Formatioun wëlle mer Enseignante dozou begeeschteren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participante
- léiere Beispiller kennen vu schouleschen Aktivitéiten, déi ee kann eraus verleen
- gesinn d‘Vielfalt vu Méiglechkeeten, déi eis dobausse gebuede ginn.
Fähegkeeten
D'Participante:
- léiere konkret Léierinhalter aus dem cycle 2 - Meter an cm; Orientéirung: lenks,rechts, uewen, ennen; Déieren vum Baurenhaff ; Zuelen zerleen, Mila-Einheit Bësch- aus dem Klassesall eraus ze verleen
- gesinn, wéi ee kann dobaussen differenzéieren a Léierprozesser dokumentéieren a begleeden.
Haltung
D'Participante:
- si prett, neits dobaussen ze probéieren, well se vun de Virdeeler iwwerzeegt sinn, dobaussen ze léieren
- si prett, op onerwaarte Situatiounen flexibel ze réagéieren
- sinn oppen fir Aflëss vun baussen an probéieren se wa méiglech anzebauen.
Inhalt / Contenu
Sinn d’Maueren an dengem Klassesall dir zevill enk? Wolls du ëmmer scho probéieren, méi mat denge Kanner dobaussen ze léieren, och Mathé an Däitsch? Wëlls de d’Schoul méi no bei dat richtegt Liewe bréngen? Wëlls de dech méi mat de Kanner bewegen iwert dem Léieren?
An dëser Formatioun gesäis du d’Virdeeler vum Léieren dobaussen awer och seng Erausfuerderungen. Mir présentéiere vill Beispiller vu schouleschen Aktivitéiten dobaussen- an der Natur, am Duerf oder Quartier, am Schoulhaff a probéieren der och e puer selwer aus.
Och den Erfahrungsaustausch tëscht de Participants kënnt net ze kuerz.
Ee Praxisbeispill gett virgestallt: Dobausse Léieren an der NaturErliefnisSchoul
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Praxis Schoul dobaussen
- Reflexioun an Austausch
- Fotopowerpoint NaturErliefnisSchoul.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sandra Leoni, Léierin C1-C4, Kraiderpedagogin a systemesch Prozessbegleederin
Liz Paulus, Natur- an Ëmweltpedagogin, responsable activités-nature (service Enseignement Stad Lëtzebuerg)
Remarques / Anmerkung
D'Formatioun ass haaptsächlech dobaussen, dofir kleet iech w.e.g. dem Wieder no
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 5 octobre 2023 de 14 à 18 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Beaufort 'Beeforter Buergfénkelcher' (C1 - C4) |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Form annulée |
Délai d'inscription : | - |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Ordre/s d'enseignement : | C2-C4 |
---|---|
Public cible : | personnel enseignant et éducatif du cycle 2 |
Langue(s) : | luxembourgeois |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |