En Abléck an d‘Physik: Kräften an Energie am Weltraum!
(Code : D2-b-13)
Kontext / Contexte
D’europäesch Weltraumorganisatioun (ESA) stellt eng ganz Rei vu Léiermaterialien zur Verfügung, déi de Schüler naturwëssenschaftlech an technologieorientéiert Fächer duerch de Kontext vum Weltraum méi no bréngen.
An dëser Formatioun ginn 2 Theme behandelt, zu deenen et detailléiert Léierpläng gëtt, déi een op der Internetsäit esero.lu erofluede kann:
De Glider: Baut e Glider aus Dämmplacken dee souwäit wéi méiglech flitt an propper lant.
De Maus Rover: Plangt a baut äre Rover mat enger Mausfal! Wéi ee Rover fiert am wäitsten?
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D‘Participanten:
- erhalen Iddien fir d‘Thema Weltraum an hire Cours anzebauen
- erhale praktesch Aktivitéite fir hiren naturwëssenschaftleche Cours
- léieren d’Offer vun ESERO Lëtzebuerg kennen.
Fäegkeeten
D’Participante kënnen
- déi virgestallt Aktivitéiten direkt an der Klass ëmsetzen
- hiren naturwëssenschaftleche Cours méi interaktiv an ugewannt gestalten.
Haltung
D‘Participante bedeelegen sech aktiv un der Formatioun.
Inhalt / Contenu
De Glider: Firwat flitt e Fliger? Eng Fro wou jiddwereen sech scho gestallt huet. Wien kann dat awer richteg erklären? Et stellt sech och eraus, dat d’Erklärung guer net sou einfach ass, an dat een dat mat ënnerschiddleche physikalesch Prinzippien erkläre kann.
Mat engem Glider kann een dës gutt veranschaulechen an tüftelen, fir schlussendlech sech selwer e Modell ze Bauen. D’Zil ass et, dat de Glider sou wäit wéi méiglech flitt an sou douce wéi méiglech lant.
De Maus Rover Säit Joren hu mir e bessert Verständnis vum Mars duerch d’Mars Roveren, déi et eis erlaben eng komplett nei Vu vum Mars ze kréien. Am zweeten Deel vun der Formatioun modelléiere mir de Funktiounsprinzip vun engem Rover mat enger Mausfal: De Maus Rover!
D’Zil ass et, dat de Maus Rover esou wäit wéi méiglech mat senger gespäicherter elastescher Energie kënnt. D’Participante kréien e Bauplang fir e Basismodell ze bauen, a gi motivéiert deen an engem zweete Schrëtt ze optiméieren. Um Schluss trieden si an enger Kompetitioun géinteneen un. Bäi der Auswäertung gi verschidde physikalesch Gréisste gemooss oder gerechent.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Präsentatioun vun ESERO Lëtzebuerg
- Präsentatioun vu pedagogeschem Material, dat den Enseignantë vun der ESA/ESERO Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt gëtt.
- Praktesch Experimenter a Form vu Gruppenaarbechten
- Diskussioun an Austausch.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Jonathan Mengozzi, Physiksproff
Gerson Rodrigues Dos Santos, Physiksproff
Remarques / Anmerkung
Parking:
https://www.science-center.lu/fr/infos-pratique
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le samedi 11 novembre 2023 de 9 à 12 et de 13 à 16 heures |
Lieu : | Luxembourg Science Center - Differdange |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 3 |
Statut de la formation : | Inscr en cours |
Délai d'inscription : | - |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Ordre/s d'enseignement : | ES |
---|---|
Public cible : | personnel enseignant de physique, chimie, mathématiques |
Langue(s) : | luxembourgeois |
Informations : | Fréderic Conrotte - frederic.conrotte@esero.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec ESERO Luxembourg |