Alphabetiséierung op Franséisch – „zesumme wuessen!”
(Code : C-a-69)
Kontext / Contexte
Aschreiwung Méiglech bis den 29. Juni um 10 Auer !
Mam Alphabetiséiere fänkt eng Schoulcarrière un. Dës Fundament soll gutt geluecht sinn, fir dass et dono all weidert Wësse ka sécher droen.
Laang Zäit gouf an de Schoulen zu Lëtzebuerg op däitsch alphabetiséiert. Well awer wäit iwwer 60% vun de Kanner déi an d’Schoul kommen eng aner Éischtsprooch hunn wéi d’Lëtzebuergescht ass driwwer nogeduecht gi fir d’Alphabetiséierung och op franséisch unzebidden.
„Zesumme wuessen!” heescht de Pilotprojet, dee vun der leschter Rentrée un (2022/2023) a 4 Schoulen ugelaf ass. No bal engem Schouljoer kann een also éischt Erfarungen deelen, Froen déi sech virun dëser Rentrée gestallt hunn beäntwerten, an natierlech de Bléck an d’Zukunft geheien: ob den C3, deen zu Schëffleng vun der Rentrée 2024/2025 wäert franséisch alphabetiséiert weidergoen.
Firwat ass eng Alphabetiséierung, déi sou no wéi méiglech un déi staark Sprooch vum Kand erukënnt, wichteg?
Wat bréngt et de Schüler? An dem Léierpersonal?
Fir och iwwer d’Thema Alphabetiséierung fir Kanner mat logopedesche Schwieregkeeten ze schwätzen, d’Progressioun vum Projet “zesumme wuessen” ze diskutéieren a Stëmmen ze héieren déi de Projet ëmsetzen, ass de Webinaire den Donneschdeg, 29. Juni 2023 vu 14.00 bis 15.30 Auer um Radio 100,7.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen:
D’Participante kennen:
- de momentanen Alphabetiséierungsprozess an de Schoulen zu Lëtzebuerg
- déi Themen am Kader vum Liesen- a Schreiweléieren déi fir eng Rei SchülerInnen net einfach sinn
- d'Auswierkung vun enger Alphabetiséierung déi net optimal ass par Rapport zur staarker Sprooch vum Kand
Fäegkeeten:
D’Participantë kënnen:
- Kanner um Wee an de C.2 orientéieren
- sech d'Notze vun aneren Alphabetiséierungswéer virstellen.
Haltung:
D’Participanten:
- gesinn de Virdeel de Kanner déi fir si beschtméiglech Alphabetiséierung unzebidden
- kënnen sech mam Fonctionnement vu Klang- a Sproocherwerb beschäftegen
- hunn Virwëtz op Erfarunge bannent dem Pilotprojet "zesumme wuessen!"
- wëllen d'Auswierkungen vum Projet op de Schoulalldag gewuer ginn.
Inhalt / Contenu
Gäscht am Studio sinn:
Marc Schmidt, Direkter vum Centre de Logopedie
Lynn Lagodny, Coordinatrice vum Projet „zesumme wuessen!”
Philippe Kloos, Direkter EF Regioun Suessem
Sarah Scholtes, Léierin am C2.1 zu Schëffleng
Iwwer d’Wichtegkeet vum Alphabetiséieren, d’Virbereedung op déi eigentlech Alphabetiséierung, de Projet „zesumme wuessen!”, éischt Erfarungswäerter dovun aus de Schoulen, d’Orientéierung vun de Kanner op de franséischsproochegen oder den däitschsproochegen Alphabetiséierungswee, schwätze mer mat dëse 4 Invitéen am Studio, an héiere weider Stëmme vum Terrain déi direkt oder indirekt mam Pilotprojet a Beréierung sinn.
De Webinaire ass fir jiddereen ze lauschteren, den Donneschdeg, 29. Juni 2023, vu 14:00 bis 15:30 Auer, um Radio 100,7.
Et kann een de Webinaire awer och iwwer de Livestream verfollegen, an seng Froen eraschécken, entweder op fro@webinar.lu, oder mat enger Whatsapp op d’Nummer 621 44 00 44.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Ronndëschgespréich mat der Méiglëchkeet Froen ze stellen
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
SCRIPT
Remarques / Anmerkung
Dir kënnt de Beitrag um Radio lauschteren (100,7) oder iwwert den www.100komma7.lu
Fir de Webinaire iwwer de Livestream kënnen ze gesinn, gitt Dir op d'Säit www.100komma7.lu, do fannt Dir kuerz virum Ufank vum Webinaire de Lien iwwer deen Dir de Beitrag suivéieren kënnt.
Jidderee ka seng Froen iwwer d’Thematik stellen, iwwer d’Emailadress fro@webinar.lu, oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le jeudi 29 juin 2023 de 14 à 15.30 heures (inscriptions ouvertes jusqu'au 29 juin à 10 heures) |
Lieu : | Liveemissioun um radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | 29/06/2023 |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le jeudi 29 juin 2023 de 14 à 15.30 heures (inscriptions ouvertes jusqu'au 29 juin à 10 heures) |
Lieu : | Liveemissioun um radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 150 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | 29/06/2023 |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Nathalie Bender - nathalie.bender@men.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le SCRIPT et radio 100,7 |