Description formation
Workshop zum Thema "Wuelbefanne vun den Enseignanten/-teën"
(Code : A-a-87-EF-Bourscheid)
Kontext / Contexte
Am Kader vum Etat des lieux vum PDS goufen d'Themen "Zesummenaarbecht an Austausch intercycle", souwéi "Wuelbefanne vum Personal" als Schwéierpunkten identifizéiert a prioriséiert. Fir déi spezifesch Besoine vun den Enseignanten/-teën besser ze erfaassen, gouf eng anonym Ëmfro duerchgefouert. An dësem Workshop gëtt d'Ëmfro zesummen analyséiert a konkret Moossname fir d'Verbesserung vum Wuelbefanne vun den Enseignanten/-teën ofgeleet.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- d'Donneeën aus der Ëmfro
- d'Zesummenhäng tëscht dem perséinleche Wuelbefannen an enger gudder Kommunikatioun an Zesummenaarbecht innerhalb vun der Schoulgemeinschaft
- Piste fir d'Wuelbefannen innerhalb vun der Schoulgemeinschaft ze verbesseren.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- d'Resultater vun der Ëmfro zesummen z'analyséieren
- aus der Analys eraus konstruktiv Verbesserungsméiglechkeeten ofzeleeden.
Haltung
D'Participanten/-teën:
- reflektéieren, wéi e Bäitrag si selwer zum Wuelbefanne leeschte kënnen
- schaffen zesummen a fërderen de Gemeinschaftsgeescht
- sinn oppe fir d'Iwwerleeungen, Meenungen a Bedürfnisser vun den aneren.
Inhalt / Contenu
- Kuerz Presentatioun vun de Resultater vun der Ëmfro
- gemeinsam Diagnos: Analys vun de Resultater (z.B. PMI oder SWOT)
- Ofleede vun Entwécklungsschwéierpunkten a Moossnamen, déi och am PDS verankert ginn
- Identifikatioun vu méigleche Stolpersteng fir d'Ëmsetzung an Léisungspisten.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Kuerz Plénière-Momenter
- Brainstorming mat der "Think-Pair-Share"-Method
- Aarbecht a cyclegemëschte Klenggruppen
- Moderatiounsmethod:
* methodisch: sammeln - verdichten - gewichten - bearbeiten
* inhaltlich: informieren - beraten - entscheiden.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Josiane Molitor, I-DS
Ronny Rommes, I-DS
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 8 juin 2023 de 13 à 16.30 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Bourscheid - affichage sur place |
Nombre max. de participants : | 22 |
Places disponibles : | 4 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental |
---|---|
Catégorie de fonction : | |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social de l'EF Bourscheid |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Françoise Dondlinger - françoise.dondlinger@education.lu; Caroline Berns - caroline.berns@education.lu |