Online: Tabula Rasa mam Tabu - schwiereg Themen an der Grondschoul
(Code : A-d-114)
Kontext / Contexte
Et ginn Themen iwwer déi ze schwätzen de Mënschen net einfach fält.
Doud, Krankheet oder z. Beispill Gewalt awer onausgeschwat am Raum stoen ze loosse vergréissert meeschtens den Thema, deen als tabuiséiert gëllt.
Deet een also gutt drun en Tabu tabu sinn ze loossen? Oder ass et villméi sënnvoll mam néidegen Taktgefill an dem Alter entspriechend schonn an der Grondschoul iwwer Themen ze schwätzen déi net einfach sinn, awer zum Liewe gehéieren?
Wat ass iwwerhaapt haut nach tabu?
Ass fir jiddereen d’Hemmschwell fir e kriddlechen Thema unzeschwätzen déi nämmlecht? Sollt een ëmschreiwen, oder d’Problematik mam Numm nennen?
Wéi geet ee mat enger Kris an der Klass em? Wann z. Bsp. e Schoulmeeschter oder eng Joffer schwéier krank gëtt, oder souguer stierft? Wann e Kand den Doud vun enger léiwer Persoun muss verschaffen?
Am schoulesche Curriculum stinn des Theme wuel um Programm, mä net all Enseignant/e fillt sech wuel fir driwwer ze schwätzen.
Wéi ginn ech domat em wann ee vu menge Schüler Affer vu Mobbing, oder sexuellem Mëssbrauch ass?
A wéiwäit ass et sënnvoll mat den Elteren zesummen ze schaffen, fir engem Kand wat mat engem Tabutheema ze kämpfen huet ze hëllefen, oder wéinstens net méi schlëmm ze maachen?
Kann een duerch Präventioun Themen enttabuiséieren ier se eventuell Realitéit ginn?
Iwwer déi kriddeleg Momenter am Liewe vun engem Kand, a wéi een an der Schoul gutt domat ëmgeet, probéiert dëse Webinaire Pisten ze ginn. An der Hëlleflosegkeet déi ee bei Tabutheeme kann erliewen en bëssen eppes entgéint ze setzen.
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
-d'Plagen am Plan d'études wat Theme wéi Krankheet, Doud, Trauer, Gewalt ugeet
-d'Wichtegkeet iwwer Tabuthemen ze schwätzen
-déi gesellschaftlech Verännerunge vun de leschte Jore par Rapport zu den Tabuthemen.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
-selwer hier Beréierungsängschte vis-à-vis vun Theme wéi Doud/Trauer/Gewalt ze iwwerwannen
-sech wann néideg Ënnerstëtzung ze froen.
Haltung
Die Teilnehmer/-innen:
-sinn oppe fir sech selwer par Rapport zu Tabuthemen ze hannerfroen
-gewëllt och an Eegeninitiativ Informatiounen nozeliesen, z. Bsp. wat de gesetzleche Kader ugeet vu Mobbingsituatiounen, Gewalt, awer och am Beräich vu Krisesituatiounen, oder wat Trauer an Doud ugeet,
-sinn empathesch vis-à-vis vun hire Schüler/Schülerinnen.
Inhalt / Contenu
Oppen iwwer gesellschaftlech Tabue schwätzen - wéi thematiséieren ech schwiereg Aspekter an der Grondschoul?
Mat den Invitéë geet am Laf vun der annerhallwer Stonn vun dësem Webinaire riets iwwer d'Fro wat iwwerhaapt en Tabu ass. ass bei eis den Tabu dat nämmlecht wéi an enger anerer Kultur? Emfënnt e Schüler aus enger ëstlecher Kultur eppes Aneres als e gesellschaftlecht Verbuet wéi eng Schülerin mat westlechen Originnen?
Däerf een iwwer Alles schwätzen? a wann jo, dann och vun der Long op Zong?
Gin et Geheimnisser iwwer déi ee mat kengem däerf schwätzen? oder si grad dat déi "schlecht" Geheimnisser?
Wat kann ech als responsabelen Enseignant/e am Fall vun enger Krise an der Klass maachen? A wou fänkt eng Krise iwwerhaapt un?
Wéi fannen ech an enger schwiereger Situatioun déi richteg Sprooch fir mat Kanner altersgerecht schwiereg Situatiounen ze beschwätzen?
Ass et d'Aufgab vun der Schoul fir Theme wéi Gewalt, Trauer, Doud, Krankheet, Kris, Noutfall unzeschwätzen? Ass et souguer eng moralesch Flicht?
Wéi eng Méiglechkeete ginn et fir mat Kanner am Grondschoulalter iwwer kritesch Situatiounen, iwwer Stierffäll, déi domat verbonne Gefiller an d'Trauer ze schwätzen?
Wéi kann ech mat engem Schüler oder enger Schülerin sensibel Beräicher wéi psycheschen oder kierperleche Mëssbrauch, Gewalt, Mobbing uschwätzen ouni en domat ze iwwerfuerderen an/oder him ze no ze trieden?
Wärend dem Webinaire héiere mer och nach weider Aussoe vun implizéierte Leit, déi sech berufflech oder privat mat Tabuthemen auserneesetzen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Moderéiert Diskussioun mat de 4 Invitéen, weideren Aussoen zum Thema, an der Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder d'WhatsApp 621 44 00 44 ze stellen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Laurence Diederich, Léierin ,Member vum KIT, dem Kriseninterventiounsteam vum MENJE, a Coordinatrice vun der Schoulekipp vum GSP, dem Groupe de support psychologique
Mary Faltz, Mataarbechterin beim SCRIPT, Initiatrice vum Projet ChMenKi - Ech sinn de Chef vu mengem Kierper, SCRIPT
Annette Schütz, Léierin, Initiatrice vum Projet Wat kënnt, dat geet, SCRIPT
David Bettinelli, Regionaldirekter vum EF , Regioun Mamer, ënnerstëtzt Projeten déi Kanner am Fondamental erméiglechen Tabue besser geréiert ze kréien
Remarques / Anmerkung
Aschreiwungen Méiglech bis den 11.05.23 um 10 Auer!
Dir kënnt de Beitrag um Radio lauschteren (100,7) oder iwwert den www.100komma7.lu. Dir kritt kee Link geschéckt.
Fir de Webinaire iwwer de Livestream kënnen ze gesinn, gitt Dir op d'Säit www.100komma7.lu, do fannt Dir kuerz virum Ufank vum Webinaire de Lien iwwer deen Dir de Beitrag suivéieren kënnt.
Jidderee ka seng Froen iwwer d’Thematik stellen, iwwer d’Emailadress fro@webinar.lu, oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le jeudi 11 mai 2023 de 14 à 15.30 heures (inscription ouverte jusqu'au 11 mai à 10 heures) |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | 11/05/2023 |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le jeudi 11 mai 2023 de 14 à 15.30 heures (inscription ouverte jusqu'au 11 mai à 10 heures) |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 120 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | 11/05/2023 |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Nathalie Bender - nathalie.bender@men.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le SCRIPT, radio 100,7, IFEN |