Firwat net? : Didaktesch Konzepter vun däitsch-, franséisch-, lëtzebuergesch- an engleschsproochege literareschen Texter am Lycée
(Code : D1-d-19)
Kontext / Contexte
Bei den Assises sectorielles vum Buch, déi den 10. Januar an der BnL stattfonnt hunn, hunn d’Acteure vum Buchsecteur iwwer ënnerschiddlech aktuell Theeme geschwat – ënner anerem och iwwer d’Plaz an d’Funktioun vun der méisproocheger Lëtzebuerger Literatur an de Schoulen. An dëser Formatioun sollen dës Diskussioun weidergefouert a verschidde Perspektiven op dat komplext Theema zesummebruecht ginn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanten
- analyséieren déi aktuell Situatioun vun der méisproocheger Lëtzebuerger Literatur am Curriculum
- léiere verschidden Aspekter vun der méisproocheger Lëtzebuerger Literatur kennen
- verstinn d'didaktesch Applikatioun vun Texter aus der Lëtzebuerger Literatur am Däitsch-, Franséisch-, Englesch- a Lëtzebuergeschcours.
Kënnen
D'Participantë kënnen
- d'Komplexitéit vun enger Aféierung vun der Lëtzebuerger Literatur an en didaktesche Kontext verstoen
- ënnerschiddlech Vuen op de Sujet novollzéien.
Attitüd
D'Participantë kënnen
- hiert Wëssen iwwer Literatur zu Lëtzebuerg verdéiwen
- eng Decisioun fir den eegene pedagogesche Kontext huelen.
Inhalt / Contenu
- Virstellung vun der aktueller Situatioun an de méiglechen didakteschen Applikatioune vum lëtzebuergesche literaresche Kanon
- Diskussiounsronn mat Spezialisten aus dem Schoul- a Pedagogikberäich.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Diskussiounsronn
- Froen an Äntwerten
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Nathalie Jacoby, directrice du Centre national de littérature
Tonia Raus, professeure adjointe en langue et littérature françaises et leurs didactiques, Université du Luxembourg
Olivier Gloden, professeur de français, Athénée de Luxembourg
Marc Michely, directeur adjoint détaché du Service de l'ES, MENJE
Jeanne E. Glesener, Associate Professor, Université du Luxembourg
Sébastian Thiltges, enseignant-chercheur, Université du Luxembourg
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 11 mai 2023 de 19.30 à 21 heures |
Lieu : | Centre National de Littérature - Salle Tony Bourg |
Nombre max. de participants : | 80 |
Places disponibles : | 58 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant de langues (allemand, français, anglais, luxembourgeois) |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Nathalie Jacoby - nathalie.jacoby@cnl.etat.lu |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le Centre national de littérature |