Online: Vun ChatGPT iwwer Google Mega-Donnéeën bis bei Roboter - Den Ëmgang mat Artifizieller Intelligenz an der Schoul
(Code : D6-a-69)
Kontext / Contexte
Kënschtlech Intelligenz (KI) oder Artificial Intelligence (AI): Dat si Begrëffer, déi net zulescht wéinst der Verëffentlechung vum Chatbot ChatGPT am November 2022 fir vill Gespréichsstoff suergen.
Den Ausdrock „Artificial Intelligence“, gëtt et awer schonns ganz laang, net nëmmen am Beräich vun der Science Fiction, mee och an de Computerwëssenschafte schwätze mer op mannst säit de 50er Jore vum leschte Joerhonnert vu kënschtlecher Intelligenz. An dofir, well et dee Begrëff schonns sou laang gëtt, ass en och mat ganz vill verschiddene Konnotatiounen, mol méi, mol manner zouversiichtlecher Aart, beluecht. Mir denke vläicht automatesch un e Science Fiction-Zeenario à la Terminator, Matrix oder ähnleches, wa mer u kënschtlech Intelligenz denken. Donieft denke mer och un d’Automatiséierung vu ganz ënnerschiddleche Prozesser, also och un Fro, ob déi artifiziell Intelligenz de Mënsch an Zukunft ersetzt oder net, resp. wéi eng nei Beruffer entstinn, wéi eng verschwanne wäerten.
AI ass laang scho keng Zukunftsmusek méi, mee an eiser Gesellschaft ukomm. Mir profitéieren all Dag vun de Méiglechkeete vun AI, an dat a bal alle Liewensberäicher, online beim Akafen, an der Medezin, an der Finanzwelt, an der Industrie, awer och am Militär oder nach an der Justiz. Dacks si mer eis mol net bewosst, mat wéi vill artifizieller Intelligenz mer ze dinn hunn.
AI an der Schoul – méi wéi nëmmen ChatGPT
Well Schoul op d‘Liewe virbereet, kann se de Phänomen AI net einfach ignoréieren oder just hallefhäerzeg behandelen.
Zielsetzung / Objectifs
Wissen
Die Teilnehmer/-innen kennen:
- déi momentan gängeg digital Solutiounen am Alldag
- déi Offren déi haut schon am Schoulsystem ugebuede ginn, wéi Digital Sciences, Coding
- d'Suergen déi mam Verbreeden vun AI opkommen.
Fähigkeiten
Die Teilnehmer/-innen sind in der Lage:
- léisungsorientéiert iwwer zukünfteg AI-baséiert Applikatiounen am Unterrecht ze reflektéieren
- ofzeweihen wou ët Sënn mécht Kënschtlech Intelligenz anzesetzen.
Haltung
Die Teilnehmer/-innen:
- sinn oppe fir Virdeeler vun neien Méiglechkeeten duerch AI ze erkennen
- si gewëllt selwer Applikatiounen, déi AI-baséiert sinn, auszeprobéieren
- kënnen sech op d'Erausfuerderungen vun der Entwécklung aloossen.
Inhalt / Contenu
AI an der Schoul – méi wéi nëmmen ChatGPT
Well Schoul op d‘Liewe virbereet, kann se de Phänomen AI net einfach ignoréieren oder just hallefhäerzeg behandelen.
Dobäi stellen sech vill Froen:
Wat ass Artifiziell Intelligenz? Wat musse Schülerinnen a Schüler iwwert de Fonctionnement vun AI wëssen? Wat fir e Basiswësse brauch jiddwereen?
Wéi kënnen Enseignanten zesumme mat verschiddenste Bots, Programmer an Applikatioune schaffen, fir d’Léieren ze verbesseren?
Wéi eng ënnerschiddlech Applikatioune funktionéieren haut schonn am Bildungswiesen?
A wat ass un Entwécklungen an dem Beräich fir déi no Zukunft denkbar?
Wéi weess ech als Enseignant oder Enseignante, ob Schülerinne selwer recherchéiert, reflektéiert an doraus Conclusioune gezunn hunn? Wéi kann een nach fair beurteelen?
Wéi soll een engem Schüler vermëttelen, dass et wichteg ass ze léieren, wann d’Maschinn et méi séier, mat manner Feeler, an ouni Ustrengung kann?
Ginn et ethesch Bedenken, wéi een AI am Unterrecht zouléisst? Brauch et iwwerhaapt nach Enseignanten?
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Moderéiert Diskussioun mat 4 Invitéen, weideren Aussoen zum Thema, an der Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder d'WhatsApp 621 44 00 44 ze stellen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Daniela Hau, Responsable de Division SCRIPT, zoustänneg fir Innovatiounen an der Schoul
Fabrice Roth, Direkter vum Lycée des Arts et métiers (LAM)
Lukas Held, Philosophieprofesser am Jongelycée an der Stad a Formateur IFEN
Prof.Dr. Till Dembeck, Associate Professor op der Universitéit Lëtzebuerg, Leader vum Institut für deutsche Sprache, Literatur und für Interkulturalität
Remarques / Anmerkung
Dir kënnt de Beitrag um Radio lauschteren (100,7) oder iwwert den www.100komma7.lu
Fir de Webinaire iwwer de Livestream kënnen ze gesinn, gitt Dir op d'Säit www.100komma7.lu, do fannt Dir kuerz virum Ufank vum Webinaire de Lien iwwer deen Dir de Beitrag suivéieren kënnt.
Jidderee ka seng Froen iwwer d’Thematik stellen, iwwer d’Emailadress fro@webinar.lu, oder d’Whatsapp Nummer 621 44 00 44
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 21 mars 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 21 mars 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe C
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 21 mars 2023 de 14 à 15.30 heures |
Lieu : | Live-Emissioun um Radio 100,7 mat Livestream op www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 900 |
Places disponibles : | 114 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, allemand |
---|---|
Informations : | Nathalie Bender - Nathalie.Bender@men.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec SCRIPT et radio 100,7 |