Alles Informatioun oder wat? Iddië fir Mediebildung am Unterrecht
(Code : D4-e-54)
Kontext / Contexte
Am Alldag gi mir mat villen Informatiounen konfrontéiert, déi eis Meenungsbildung beaflossen. Fir Jonker an Erwuessener ass et net ëmmer evident fir erauszefannen, op dës Informatiounen zouverlässeg sinn. Schold dorunner sinn ë.a. Filterblosen, Desinformatioun a Verschwierungstheorien.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participant/e/n wëssen:
- wat Online-Filterblosen sinn
- mat wéi enge Methode Falschinformatiounen an Verschwierungstheorien Opmierksamkeet kréien a wéi ee se entlarve kann
- wéi Suchmaschinne fonctionnéieren
- wéi eng Methoden an Tools et gi fir Schüler*innen iwwer Desinformatioun ze sensibiliséieren a Falschinformatiounen z’erkennen.
Savoir-faire
D'Participant/e/n sinn an der Lag :
- d'Webtools, déi virgestallt ginn, mat hire Schüler/-innen ze benotzen
- hire Schüler/-inne Methode mat ze ginn, fir zouverlässeg Informatiounen ze fannen an sech och mat aneren Argumenter wéi hiren eegenen ze konfrontéieren.
Attitüd
D'Participant/e/n hannerfroen hir Informatiounen an hir Consommatioun vun Online-Informatioune kritesch.
Inhalt / Contenu
An dëser Formatioun gi Methoden an Online-Tools virgestallt, ausprobéiert an diskutéiert. Och gëtt gemeinsam gekuckt, wéi des Tools ganz konkret am Unterrecht agesat kënne ginn:
- http://propaganda.guide: De User unhand vun 10 Froen en Androck, ob e Post, Video, Tweet, Lidd, Poster, etc… hien éischter wëll informéieren oder manipuléieren
- www.filterbubble.lu: Als User fënnt een eraus, wéi déif een a senger Filterblos stécht a wat ee kann dogéint maachen
- Duerchbléck: Click&Go : Dës pädagogesch Handreichung bitt Methoden, Aktivitéiten an Arbechtsblieder zum Thema Desinformatioun
- DemokratieLabo: D’Visiteure fannen an dëser interaktiver Expo ë.a. eraus, wéi een Impakt Desinformatioun op Demokratie huet.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Présentatioun
- Ausprobéieren vun de Webtools
- Diskussioun
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Kim Nommesch, Zentrum fir politesch Bildung
Remarques / Anmerkung
Bréngt wgl. Ären eegenen Handy mat.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 18 avril 2023 de 15 à 16.30 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 1 - F.USE am Schlass |
Nombre max. de participants : | 18 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Vanessa Reinsch - formations@zpb.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le Zentrum fir politesch Bildung |