Bastel Deng Politikerin oder Däi Politiker! Walen am EF
(Code : D4-e-23)
Kontext / Contexte
Déi nächst Joren (2023 a 2024) si Superwaljoren. Nieft de Gemengen- a Parlamentswalen fannen och EU - a Sozialwale statt. Dat kréien och d'Kanner aus der Grondschoul mat. Si gesinn d'Walplakater an héieren doheem oder iwwert Medien, datt Walkampf ass. Dës Formatioun bitt Material a Methoden fir d'Walen mat hinnen ze thematiséieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
-D' Participanten kennen verschidde Methoden an Offeren fir d'Thema an der Klass unzegoen.
Kënnen
D'Participants kënnen pädagogesch Aktivitéiten ronderëm Walen preparéieren an ëmsetzen.
Haltung
D'Participanten reflektéieren den Impakt, deen d'Aktualitéit am allgemengen an d'Walen am besonneschen op d'Kanner kann hunn a wéi si domat emgoen sollen.
Inhalt / Contenu
Presentatioun vun a Reflexioun ronderëm:
- Publikatiounen vum ZpB ronderëm d'Walen (duerchbléck, Politik fir jiddereen, Zeppi&Bob,...)
- Videomaterial vum ZpB a vum KaBu Wooltz (Kannerkamera)
- d'Kartonsfigur - support fir de Bastel deng Politikerin oder däi Politiker! och am Kontext vum Zuch vun der Demokratie (18.11.2022)
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Presentatioun
- Reflexioun
- Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Michèle Schilt, Zentrum fir politesch Bildung
Paulina Dabrowska, Kannerbureau Wooltz
Remarques / Anmerkung
Wann Dir beim Zuch vun der Demokratie matmaacht, ass et d’Geleenheet fir d’Kartonsfigur mat ze huelen. Dofir misst Dir vläicht mam Auto kommen, zemools wann et reent. Den nooste Parking ass den Neipperg.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 25 octobre 2022 de 15 à 17 heures |
Lieu : | Zentrum fir politesch Bildung - ZpB - Z-Pace (RdC) |
Nombre max. de participants : | 16 |
Places disponibles : | 5 |
Statut de la formation : | Form attestée |
Délai d'inscription : | - |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Ordre/s d'enseignement : | C2-C4, Enfance-Jeunesse |
---|---|
Public cible : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Langue(s) : | luxembourgeois, français, anglais |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le ZpB et le KaBu |