Äerdschëff Serie: New Economics Lab
(Code : D2-e-21)
Kontext / Contexte
Wéi eng Ökonomie fir d'21. Joërhonnert? Wat huet en Donut (Doughnut) mat der Ökonomie ze dinn? Wéi kënne mir de Besoine vun allen an de Limiten vum Planéit gerecht ginn?
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanten:
- kennen d'Konzept an d'Entwécklung vun Doughnut Economics (Kate Raworth)
- hunn Notiounen vun ökologescher Ökonomie (environmental/ecological economics)
- verstinn d'Zesummenhäng tëscht dem Äerdschëff an Doughnut Economics
- kréien Iddien fir d'Ëmsetzung vun der Notioun vun Doughnut Economics an hierem Schoulalldag.
Fähegkeeten
D'Participanten:
- kënne mam Prozess vum Doughnut Economics schaffen
- kënne gemeinsam e konkreten Doughnut Designprojet ausschaffen.
Haltung
D'Participanten:
- schaffen effikass an zilorientéiert a Gruppen zesummen
- tauschen aktiv Iddien aus a gesinn verschidde Perspektiven
- entwéckelen Verständnis a Matgefill fir aner Denkweisen a Perspektiven.
Inhalt / Contenu
Wéi kënne mir sécherstellen, datt keen ze kuerz kënnt wat essenziell Besoinen ubelaangt (vu Liewensmëttel a Wunnen zu Gesondheetswiesen a politescher Partizipatioun), wärend mir kollektiv der Äerd hir Life Support Systems (z.B. stabilt Klima, fruchtbare Buedem an eng schützend Ozonschicht), vun deene mir grondsätzlech ofhängeg sinn, net iwwerschreiten? Doughnut Economics ass ee neien ökonomesche Modell, deen eis eng ganzheetlech Approche gëtt, fir dës 2 Erausfuerderungen unzegoen. Mir bezéien den Doughnut Modell op Lëtzebuerg an kucken eis un, wéi mir Lëtzebuerg am Doughnut designe kënnen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique

Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Katy Fox, Equipe Äerdschëff
Rodrigo Vergara, Equipe Äerdschëff
Ben Klein, Equipe Äerdschëff
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le samedi 10 décembre 2022 de 9 à 12 et de 13 à 16 heures |
Lieu : | Äerdschëff - Rédange/Attert |
Nombre max. de participants : | 30 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec CELL asbl |