Kontext / Contexte
Wéi an engem richtege Labo, lued Den DemokratieLabo all d‘Visiteuren an, Neies ze entdecken, ze experimentéieren an ze erfuerschen.
Déi „eng an eenzeg Demokratie“ gëtt et net. Demokratie ass ee Prozess, deen ni oofgeschloss ass, an dee vun neien an anere Meenungen an Iddie lieft a sech ëmmer weiderentwéckelt. „Den DemokratieLabo“ probéiert mat Hëllef vun Experimenter op eng interaktiv a onvirageholl Aart a Weis jidderengem d’Demokratie an all senge Facetten méi nozebréngen. Dozou gehéieren och oppe Froen, d’Vertriede vu verschiddene Meenungen a Konflikter.
D’Ausstellung “den DemokratieLabo” ass fir jiddereen ab 12 Joer geduecht. Et ginn dräi verschidde Parcuren, soudatt fir all Visiteur oder Grupp eppes dobäi ass.
---
A l'image d'un vrai laboratoire, le DemokratieLabo invite tous les visiteurs à découvrir, à expérimenter et à rechercher de nouvelles idées, opinions ou choses.
Une seule et unique démocratie n'existe pas. La démocratie est un processus qui n'est jamais terminé et qui se nourrit de nouvelles et de différentes opinions et idées. Le "DémocratieLabo" essaie à l'aide d'un ensemble d'expériments interactifs de mettre en lumière toutes les facettes de la démocratie. Il s'agit également d'aborder des questions ouvertes, d'échanger des opinions différentes et de discuter de conflits.
L'exposition "den DemokratieLabo" est destinée aux jeunes à partir de 12 ans. Il y a trois parcours différents. Ainsi, chaque visiteur ou groupe y trouve son chemin.
Zielsetzung / Objectifs
D’Visiteure ginn zum Nodenken ugereegt, iwwer sozial, gesellschaftlech, politesch an historesch Themen. D'Ausstellung soll ureegen, fir mat anere Leit ze diskutéieren a verschidden Usiichten an Erfarungen kennen ze léieren.
Wëssen
D'Participant/e/n wëssen, datt d’Demokratie villschichteg ass, sech stänneg verännert an net an de Stee gemeesselt ass. D’Demokratie lieft! Et mussen ëmmer Efforte gemaach gi fir d’Fortbestoen ze sécheren.
Fähegkeeten
D'Participant/e/n verstinn :
- datt et verschidde Méiglechkeete ginn sech mat Demokratie ze beschäftegen
- aus wéi vill verschidde Perspektiven d’Demokratie ënner d’Lupp geholl ka ginn
- datt d’Demokratie net selbstverständlech ass, neien Imput néideg ass an sech éiwech am Wandel befënnt.
Haltung
- D'Participant/e/n trauen sech, fir Themen ronderëm Demokratie och kritesch ze hannerfroen
- a ginn ermontert fir sech ënnereneen auszetauschen an op ze sinn fir nei Iddien.
---
Les visiteurs sont incités à réfléchir sur des thèmes sociaux, sociétaux, politiques et historiques. L'exposition les incite à discuter avec d'autres personnes et à prendre connaissance de différents points de vue et expériences.
Les participant(e)s savent que la démocratie est constamment en train d'évaluer et de se transformer. La démocratie est vivante ! Il faut toujours faire des efforts pour assurer sa pérennité.
Les participant(e)s comprennent :
- qu'il y a plusieurs façons de sensibiliser des jeunes à la démocratie
- les nombreuses et différentes perspectives sous lesquelles la démocratie peut être abordée
- que la démocratie ne va pas de soi, qu'elle n'est pas une fatalité et qu'elle est en pleine mutation.
Les participant(e)s:
- osent s'exprimer de manière critique sur des thèmes spécifiques à la démocratie.
- et s'engagent à échanger avec d'autres et à s'ouvrir à de nouvelles idées
Inhalt / Contenu
Am DemokratieLabo gëtt sech, wéi den Numm et scho seet, mat Demokratie beschäftegt. Dëst gëtt op verschidde Manéiere an aus ënnerschiddleche Bléckwénkele gemaach, fir ë.a. der Komplexitéit an awer och de verschiddenen Altersgruppe gerecht ze ginn.
Heibäi handelt et sech ëm; Partizipatioun, Polariséierung, soziale Wandel, Integratioun, Roll vun de Medien, Elementer vum Rechtsstat, Mënscherechter, Indentitéit(en), Viruerteeler, Fräiheet, Ongläichheet a Gerechtegkeet.
Am Virdergrond stinn net d’Institutiounen vun der Demokratie, mee aktuell Froen, déi d’Zesummeliewen an d’Gesellschaft betreffen. D’Froen, déi gestallt ginn, befaassen sech net mam Oflaf vu Walen oder wéi sech eng Regierung zesummesetzt, mee mat Froe wéi “wat ass iwwerhaapt meng Meenung dozou” oder “wat solle mir maachen, wa mir eis net eenz sinn?”. D’Visiteure erfuerschen d’Spannungsfelder vun enger demokratescher Gesellschaft a stelle fest: “Dat huet eppes mat mir ze doen".
Des Weidere kréien d’Participante nach ë puer Méiglechkeete opgewisen, wéi si déi eenzel Theme weider mat hire Schüler an der Klass behandele kënnen. Dozou gehéiert och pädagogescht Material fir d’Nobereedung am Kuer.
---
Au DemokratieLabo, on s'occupe, comme le nom l'indique, de démocratie et ceci de différentes manières et par des différentes approches. Ceci pour répondre à la complexité du sujet et aux besoins des différents groupes d'âge.
Les sujets actuellement abordés sont e.a. la participation, la polarisation, le changement social, l'intégration, le rôle des médias, les éléments de l'Etat de droit, l'égalité des chances, l'identité, les préjugés, la liberté, l'égalité des chances et la justice.
Au cœur de l'activité de se trouvent pas les institutions de la démocratie, mais les questions qui concernent la société. Les questions qui sont posées ne portent pas sur le déroulement des élections ou sur la composition du gouvernement, mais sur des questions telles que "quelle est mon opinion" ou "que devons-nous faire si nous ne sommes pas d'accord" ? Les visiteurs découvrent les sujets chauds d'une société démocratique et constatent : "Il y a quelque chose à faire pour nous".
Par ailleurs, les participants découvrent comment ils peuvent aborder ces thèmes avec leurs élèves en classe.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Selwer experimentéieren
- Reflektioun
- Diskussioun
--
- expérimenter soi-même
- réflexion
- discussion
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Annelise Scheuren, Zentrum fir politesch Bildung