De Reenert am Lycée | Colloque
(Code : D1-d-05)
Kontext / Contexte
Den Educatiounsministère publizéiert am Hierscht 2022 eng neier kommentéiert Schouleditioun vum Michel Rodange sengem Reenert. Dat Wierk, dat als Nationalepos vum Lëtzebuergesche gëllt, koum 1872 eraus, also viru genee 150 Joer.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- den historesche Background vum Wierk an de perséinleche Kontext vum Auteur
- d’Bedeitung vum vereelzte Vocabulaire aus deem Buch a wëssen, datt et bei spéideren Auteuren an och haut e Bezuch zum Reenert gëtt.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- déi eenzel Zeenen aus dem Reenert historesch ze situéieren
- d’Illustratiounen ze explizéieren
- de perséinleche Kontext vum Auteur mat eranzebréngen
- mam Vokabulär ëmzegoen an déi néideg Explikatiounen ze fannen.
Haltung
D'Participantë/-teë kënnen:
- d’Aussoe vum Buch an den haitege Kontext setzen
- de sproochlechen Ausdrock vum Rodange mat deem vun haut vergläichen
- iwwer déi typesch lëtzebuergesch Schrëftbiller reflektéieren
- mat den Illustratiounen ëmgoen
- d’Bedeitung vum Reenert fir d’Literatur a Lëtzebuerger Sprooch erklären
- noweisen, datt et kee Kannerbuch ass, mee eng Gesellschaftskritik fir Erwuessener.
Inhalt / Contenu
- Den historesche Background
- de perséinleche Kontext vum Auteur
- déi spezifesch lëtzebuergesch Ausdréck
- de Lien mat spéideren Auteuren, dem Léon Moulin an dem Francis Steffen
- de Bezuch zu haut
- d’Illustratiounen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Referater vun den Experten, déi d’Buch kommentéiert hunn
- Froen an Äntwerten
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Romain Kohn, Journalist, Koordinator vum Reenert- Projet
Jean-Luc Schleich, Expert Michel Rodange, Michel-Rodange-Biograf
Mohamed Hamdi, Historiker
Sam Mersch, Linguist
Siggy Helbach, Luxemburgist
Mia Kinsch, Illustratrice
Jeff Thill, Engleschprofesser, Iwwersetzer vum Reenert op Englesch
Remarques / Anmerkung
Grupp A : Et ass e Colloque, dee gestreamt an opgeholl gëtt. De Public am Sall gëtt also och gefilmt a, bei Froen, opgeholl.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le vendredi 18 novembre 2022 de 14 à 18 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 8 - Auditoire |
Nombre max. de participants : | 100 |
Places disponibles : | 85 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le vendredi 18 novembre 2022 de 14 à 18 heures |
Lieu : | Formation en ligne sur Moodle |
Nombre max. de participants : | 100 |
Places disponibles : | 21 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Helmuth Sperl - Helmuth.Sperl@lod.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le SCRIPT & Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (zls.lu) |