Blended learning: Interkulturell Ëffnung - E Schlëssel am Ëmgang mat Diversitéit am Klassesall
(Code : A-d-39)
Kontext / Contexte
Interkulturalitéit ass an eiser kulturell a sproochlech divers gepräägter Gesellschaft längst keen onbekannte Begrëff méi, an awer ginn et vill verschidden Definitiounen. Oft ass net ganz kloer wat dann elo genee dorënner ze verstoen ass oder wat fir eng konkret Virstellung domat zesummen hänkt.
Dës Formatioun riicht sech u jiddereen, mat oder ouni Virwëssen, dee sech fir d’Thema interesséiert oder sech dovunner begeeschtere loosse wëll. Si bitt Inspiratioun an Iddien, wéi Interkulturalitéit an der Klass gefërdert a gelieft ka ginn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë:
- kréien e kriteschen Abléck an d’Diversitéit zu Lëtzebuerg
- kenne Grondbegrëffer a Konzepter ronderëm d’Interkulturalitéit
- sinn sech der Vernetzung vu Sprooch a Kultur bewosst
- kennen d’Grondlage vun der interkultureller Kommunikatioun.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- déi eege kulturell Prägung bewosst ze reflektéieren
- an engem vun Diversitéit gepräägten Ëmfeld kulturell kompetent handelen ze kënnen
- an interkulturelle Situatiounen effektiv ze kommunizéieren
- Aktivitéiten am Beräich vun der interkultureller Bildung an de schouleschen Alldag anzebauen.
Haltung
D'Participantë/-teë sinn:
- oppe fir Diversitéit a kulturell Ënnerscheeder
- bereet, sech kritesch mat hirer Liewenswelt, där vun de Schüler.innen an hire Familljen auserneen ze setzen
- léisungsorientéiert am Ëmgang mat Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder
- respektvoll a wäertschätzend vis-à-vis vun aneren.
Inhalt / Contenu
- Sproochlech a kulturell Diversitéit zu Lëtzebuerg
- Grondlagen a Begrëffserklärungen am Beräich vun der Interkulturalitéit
- Vernetzung vu Sprooch a Kultur
- Interkulturell Kommunikatioun
- Interkulturell Bildung an der Praxis
- Inspiring practice
Dës blended learning Formatioun huet 3 Deeler:
E-learning (3 Stonnen, asynchron):
- Diversitéit
- Kulturell Prägung
- Interkulturell Ëffnung.
Presenz Seminar 1 (3 Stonnen):
– Interkulturell Kommunikatioun
– Praktesch Ëmsetzung vun Interkulturalitéit an der Schoul.
Presenz Seminar 2 (3 Stonnen):
– Praktesch Ëmsetzung vun Interkulturalitéit an der Schoul
– Austausch a Ressourcen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Virstellung vu Konzepter an Aktivitéiten
- Selbstreflexioun & Selwerléierphas
- interaktiv Aktivitéiten
- Diskussioun an Austausch.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Centre d'éducation interculturelle (ikl)
Service de la scolarisation des enfants étrangers (SECAM)
Remarques / Anmerkung
Vous serez ajouté/e à votre groupe Moodle un jour ouvrable avant la première séance, dès ce moment, vous avez accès au travail de préparation.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Blended learning |
---|---|
Date : | 1. en ligne asynchrone sur Moodle : travail individuel entre le 24 octobre et le 24 novembre 2022 (3 heures) 2. en présentiel à l'IFEN-Walferdange : le jeudi 24 novembre 2022 de 14 à 17 heures 3. en présentiel à l'IFEN-Walferdange : le jeudi 8 décembre 2022 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Formation en blended learning : séances en présentiel et en ligne |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 6 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Blended learning |
---|---|
Date : | 1. en ligne sur Moodle : travail de préparation à réaliser entre le 23 janvier et le 23 février 2023 (3 heures phase d'apprentissage individuelle) 2. en présentiel à l'IFEN-Walferdange : le jeudi 23 février 2023 de 14 à 17 heures 3. en présentiel à l'IFEN-Walferdange : le jeudi 9 mars 2023 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Formation en blended learning : séances en présentiel et en ligne |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 4 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe C
Modalité : | Blended learning |
---|---|
Date : | 1. en ligne sur Moodle : travail de préparation à réaliser entre le 24 avril et le 25 mai 2023 (3 heures phase d'apprentissage individuelle) 2. en présentiel à l'IFEN-Walferdange : le jeudi 25 mai 2023 de 14 à 17 heures 3. en présentiel à l'IFEN-Walferdange : le jeudi 15 juin 2023 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Formation en blended learning : séances en présentiel et en ligne |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 8 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire [EF] Enseignement fondamental [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif Personnel dirigeant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, allemand, français |
---|---|
Informations : | Eric Anen - Eric.Anen@men.lu |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le Centre d'éducation interculturelle (ikl) et le Service de la scolarisation des enfants étrangers (SECAM) |