Online: Orientatioun an der Educatioun – en Abléck an déi éischt national Schoulfoire
(Code : B2-k-48)
Kontext / Contexte
Laang nom “Opnamexamen” - bei dem Schüler aus der Primärschoul an en (deemools) technesche Lycée, an “de Classique” oder an d’”voie de préparation” orientéiert goufen - ass Schoulorientéierung haut eppes ganz aneres: si fänkt schonn am 4.1 un, a gëtt an enker Concertatioun mat den Elteren gemaach, fir dass de Schüler/d’ Schülerin weess, a wéi ee Lycée hien/si op 7ème kënnt. Mee d’Orientatioun beschränkt sech net nëmmen op de Passage vum Fondamental an de Secondaire.
D’Schoullandschaft vun haut ass eng aner, wéi et virun 10, 20 an 30 Joer war. Mir hunn eng extrem Diversifikatioun vun der schoulescher Offer, eng méi grouss Autonomie bei de Lycéeën, wat hir Schouloffer betrëfft, nei schoulesch Modeller wéi ëffentlech international Schoulen, an all dat bedeit zum engen datt et fir all Kanner hei am Land ganz vill Choixen gëtt, fir genau dee Parcours ze goen, déi fir si richteg ass, dat bedeit awer zum aneren och, datt ee verschidde Manéiere brauch fir déi Kanner an hir Elteren beschtméiglech op déi Choixen virzebereeden.
Eng nei Manéier ass déi éischt national Schoulfoire.
Et ginn vill verschidde Weeër no der Primärschoul, an och aus dem Grond ass et net vu Muttwëll, eng Schoulfoire ze organiséieren, déi vum 2. bis de 4. Mee an der Lux Expo wäert sinn a bei där d’Orientatioun am Mëttelpunkt steet. Mir kommen am Laf vum Webinaire dorop zeréck.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participante wëssen um Enn vum Dag:
- wat bei der Schoulfoire gebuede gëtt a wéi si ofleeft
- wéi d’Orientatioun vun de Schüler an deene verschiddenen ordres d’enseignement funktionéiert
- wat d’Enjeuen an d’Erausfuerderungen vun der Orientatioun sinn
- wat et fir Méiglechkeete ginn an der Beruffsausbildung.
Fäegkeeten
D’Participante sinn um Enn vum Dag an der Lag:
- d’Offer vum Schoulsystem verstanen ze hunn
- d'Prozesser vun der Orientatioun verstanen ze hunn
- verstanen ze hunn, wat d’Enjeuen vun der Orientatioun sinn.
D’Participante reflektéieren:
- hier Associatiounen a Virstellungen iwwer d’Schoulfoire
- hier Virstellungen iwwer d’Orientatiounsaarbecht um Terrain
- hier Virstellungen iwwer d’Débouchéeën an der Beruffsausbildung.
Inhalt / Contenu
D’Invitéen fir d’Diskussiounsronn sinn:
- de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques. De SCRIPT ass ee vun den dräi Organisateure vun der Schoulfoire.
- d’Véronique Schaber, Directrice vun der Formation professionelle am Educatiounsministère (fréier Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers), e weideren Organisateur.
- de Romain Nehs, chef de service vum Service de l’Enseignement Secondaire am Educatiounsministère.
- de Gil Belling, Präsident Worldskills Luxembourg, an techneschen Delegéierte fir Lëtzebuerg bei nationalen an internationale Beruffsconcoursen an 3. Organisateur vun der Schoulfoire.
Analysen vun enger Rei Expertinnen an Experten sinn zousätzlech an der Emissioun ze héieren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Impulsbeiträg - Diskussiounsronn
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Véronique Schaber, Directrice vum Service de la Formation Professionnelle
Romain Nehs, Chef de Service vum Service de l’Enseignement Secondaire am Edukatiounsministère
Luc Weis, Direkter vum SCRIPT
Gil Belling, President vu Worldskills Lëtzebuerg
Analysen vun enger Rei Expertinnen an Experten sinn zousätzlech an der Emissioun ze héieren.
Remarques / Anmerkung
Op de Livestream vun der Emissioun kënnt een iwwer de Website vu Radio 100,7: www.100komma7.lu
D’Participanten hunn d’Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hier Froen iwwert Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621440044) eranzereechen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 28 avril 2022 de 14.30 à 16 heures |
Lieu : | Radiosemissioun op UKW 100,7 mat Livestream |
Nombre max. de participants : | 850 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant |
Informations complémentaires : | Jiddereen, den interesséiert ass un der Schoulfoire an der Orientation an de Schoulen an an de Beruffer. |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | Lëtzebuergesch |
---|---|
Organisation : | SCRIPT/radio 100,7 |