Alles Informatioun oder wat? Webtools fir sech online z‘orientéieren
(Code : D4-e-22)
Kontext / Contexte
Fir sech eng Meenung ze bilden zu aktuellen Themen, mécht een sech op d'Sich no Informatiounen an Argumenter. Oft ass et allerdéngs net einfach, zouverlässeg Fakten ze fannen oder op Meenungen ze stoussen, déi senger eegener widderspriechen. Schold doru sinn ënner anerem Fake News, Verschwierungstheorien oder Filterblosen.
Des Formatioun vum ZpB stellt zwee Webtools vir, déi op der Sich no Informatiounen an Argumenter Orientéierung bidden.
Des Formatioun fënnt statt am Kader vum Dag vun der politescher Bildung (18. Mee zu Walfer)
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participant/e/n wëssen:
- wat Filterblosen um Internet sinn
- mat wéi enge Methode Fake News an Verschwierungstheorien Opmierksamkeet kréien.
Savoir-faire
D'Participant/e/n sinn an der Lag :
- d'Webtools, déi virgestallt ginn, mat hire Schüler/-innen ze benotzen
- hire Schüler/-inne Methode mat ze ginn fir zouverlässeg Informatiounen ze fannen an sech och mat aneren Argumenter wéi hiren eegenen ze konfrontéieren.
Attitüd
D'Participant/e/n ginn ermontert fir Informatiounen kritesch ze hannerfroen.
Inhalt / Contenu
An dëser Formatioun ginn déi 2 Tools virgestallt, ausprobéiert an dono diskutéiert. Och gëtt gemeinsam gekuckt, wéi des Tools ganz konkret am Unterrecht agesat kënne ginn:
- Op http://propaganda.guide kritt de User unhand vun 10 Froen en Androck, ob e FB-Post, Video, Tweet, Lidd, Poster, etc… hien éischter wëll informéieren oder manipuléieren.
- Op www.filterbubble.lu fënnt de User eraus, wéi déif hien a senger Filterblos stécht a wat e kann dogéint maachen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Présentatioun
- Ausprobéieren vun de Webtools
- Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Steve Hoegener, Zentrum fir politesch Bildung
Remarques / Anmerkung
Brengt w.e.g. Äre Smartphone mat.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mercredi 18 mai 2022 de 14 à 16 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 |
Nombre max. de participants : | 20 |
Places disponibles : | 17 |
Statut de la formation : | Form attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Organisation : | formation organisée en coopération avec le Zentrum fir politesch Bildung |