An de Kulisse vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire
(Code : D1-b-77)
Kontext / Contexte
All Dag benotzen Dausende vu Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) : 2021 goufe fir d’éischt méi ewéi 10 Milliounen Artikelen an engem Joer gekuckt. Vill Leit stellen sech Froen iwwer dee beléiften Outil, déi an dëser Formatioun beäntwert ginn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- den Opbau an de Fonctionnement vum LOD
- seng Entsteeungsgeschicht an engem eenzegaartege méisproochege Kontext
- d’Ekipp, déi hanner dem Dictionnaire stécht
- de Workflow, vun der Auswiel vun de Wierder bis zum fäerdegen Artikel
- d’Toolen an d’Dokumentatioun, déi agesat ginn, notamment de LuxText-Korpus
- déi aner wichteg Lëtzebuerger Dictionnairen.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- ze erkennen, op wéi eng Froen den LOD kann eng Äntwert ginn (an op wéi eng net!)
- den LOD méi effikass am (professionellen a privaten) Alldag anzesetzen
- den Ënnerscheed ze maachen tëschent de verschiddenen Typpe vun Dictionnairen.
Haltung
D'Participantë/-teë kënnen:
- den LOD anuerdnen an der ganzer lexikografescher Offer
- verstoen, datt Kompromisser néideg si beim Ausschaffe vun engem Dictionnaire
- bei Froen ouni Hemmunge mat der LOD-Ekipp a Kontakt trieden.
Inhalt / Contenu
- Zilpublikum a Funktionalitéite vum LOD
- Historique, linguisteschen a lexikografesche Kontext
- Ekipp, Workflow, Dokumentatioun, Toolen
- Technesche Volet.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Presentatioun vum Internet-Site lod.lu
- Eegen Exploratioun vum Site (fräi a guidéiert)
- Theoreeteschen Deel (Powerpoint)
- Froen an Äntwerten
- Exklusiv: e Bléck an déi fonkelnei Versioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, éier se fir de Grand public online geet: ganz neien Design, erweidert Sich, a villes méi!
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Alexandre Ecker, Master en lexicographie, Lexicographe LOD/ZLS
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 19 mai 2022 de 19 à 21 heures |
Lieu : | Université populaire - Belval |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 2 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Helmuth Sperl - helmuth.sperl@lod.lu |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch |