Genitiv am Lëtzebuergeschen – dout, lieweg oder Zombie?
(Code : D1-b-79)
Kontext / Contexte
An dësem Virtrag kucke mer zesummen, wéi et ëm de Genitiv am Lëtzebuergesche steet. Dobäi sinn dräi Szenarien ze ënnerscheeden :
1) dout: Déi meescht Tournuren, an deenen een am Standarddäitschen nach e Genitiv géif begéinen, ginn am Lëtzebuergeschen anescht gebilt. Dëst ass beispillsweis de Fall bei Genitiv-Appositiounen, déi am Lëtzebuergesche mat engem possessiven Dativ oder mat der Prepositioun “vun” ausgedréckt ginn:
DE: die Schwester meines Vaters; die Höhe des Kindergeldes
LB: mengem Papp seng Schwëster; d’Héicht vum Kannergeld
2) lieweg: De Genitiv ass Deel vun aktuellen Tournuren (am Mëndlechen oder am Schrëftlechen). Intressant sinn an dësem Kontext och Familljennimm am Genitiv, déi virun de Virnumm gestallt ginn: den Thills Marc (Numm: Marc Thill, den {s} markéiert de Genitiv).
3) Zombie: De Genitiv ass net méi wierklech lieweg, an awer present an der Alldagssprooch. Dat betrëfft virun allem Adverbien oder fest Ausdréck (blannemännerchers, enges Daags).
An dëser Klassifizéierung kënnt et och zu Tëschestadie wéi bei eenzelne Prepositiounen, déi a bestëmmte Kontexter am Kasus schwanken: wéinst menger (Genitiv) oder wéinst mir (Dativ).
Een anere wichtegen Aspekt ass de Partitiv am Lëtzebuergeschen, d.h. Konstruktioune mat däers/es oder där/der. Dëst ass eng eeler Funktioun vum Genitiv, déi am Lëtzebuergesche ganz lieweg ass: däers Gudden ze vill, ech sinn es midd, si hunn der nach dräi op Stock. Dobäi gëtt och erkläert, firwat een de Partitiv aus enger moderner Perspektiv net méi als Genitiv, mee als eege Funktioun sollt gesinn.
Déi verschidde Szenarie ginn am Virtrag mat ganz ville lëtzebuergesche Beispiller illustréiert a sollen hëllefen, d’Struktur vum Lëtzebuergesche besser ze verstoen (ënnert anerem par rapport zum Däitschen) an de Kasussystem vum Lëtzebuergesche méi kloer ze gesinn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- déi verschidde Forme vum Genitiv am Lëtzebuergeschen
- den Ënnerscheed tëscht engem liewegen an engem fossiliséierte Genitiv-Gebrauch
- d’Konzept vum Partitiv (Konstruktioune mat däers/es, där/der).
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- d’Existenz (respektiv d’Net-Existenz) vum Genitiv am Lëtzebuergesche richteg ze bewäerten
- standarddäitsch a lëtzebuergesch grammatesch Strukture mateneen ze vergläichen
- méi differenzéiert iwwer d’lëtzebuergesch Sproochstruktur nozedenken.
Haltung
D'Participantë/-teë kënnen:
- verschidden Tournurë vum Lëtzebuergesche besser verstoen an anuerdnen (a Bezuch op Kasus a Funktioun)
- erkennen, firwat de Genitiv keen aktive Kasus am Lëtzebuergeschen ass an dofir beispillsweis am LOD net an den Tabelle gewise gëtt.
Inhalt / Contenu
- Virstellung vun der Methodik (Korpusrecherche)
- Beschreiwung a Klasséierung vun allen attestéierte Genitivmuster am Lëtzebuergeschen
- Introductioun vum Partitiv
- Synthèse
- Froen aus dem Public beäntwerten.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Presentatioun vun de Resultater vun der Genitiv-Recherche (Powerpoint)
- oppe Froeronn iwwer de Genitiv, de Partitiv oder aner grammatesch Strukture vum Lëtzebuergeschen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Caroline Döhmer, Doctorat en sciences du langage, ZLS Linguistin
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 12 mai 2022 de 19 à 21 heures |
Lieu : | Université populaire - Belval |
Nombre max. de participants : | 14 |
Places disponibles : | 1 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Helmuth Sperl - helmuth.sperl@lod.lu |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch |