D’Lëtzebuerger Orthografie: 30 Videoclippe fir unzefänken
(Code : D1-b-78)
Kontext / Contexte
„Lëtzebuergesch richteg schreiwen“: Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch am Ganzen 30 kuerz Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë kennen all d’Videoen, déi als Tutorials fir den Astig an d’Lëtzebuerger Orthografie produzéiert goufen.
Fäegkeeten
D'Participantë si capabel:
- dës Videoen ze notzen, fir hir eege Schreifkompetenz ze verbesseren
- d’Videoen am Unterrecht fir hir Apprenanten anzesetzen.
Haltung
D'Participantë kënnen:
- d’Basisreegele vun der Orthografie léieren a vermëttelen
- déi Videoen auswielen, déi se fir sech oder am Unterrecht wëllen asetzen
- sech ouni Ëmwee un den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch riichten, wa se eng Fro zu de Videoen oder der Orthografie hunn.
Inhalt / Contenu
Am Cours ginn déi 30 Videoe gewisen an et gëtt erkläert, wéi ee se ka gruppéieren, wéi ee kann domadder schaffen a wou hir Limitte sinn.
Projezéiert ginn d’Videotutorials am grousse Sall vum roude Gebai um Belval, dem Siège vun der Université populaire. Am Atrium gëtt et duerno e Patt an eng Agape an d’Geleeënheet, sech mat de Leit vum ZLS ze ënnerhalen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- D’Gesamtkonzept gëtt virgestallt
- Mir kucken d’Videoen no hirem thematesche Regruppement
- Mir diskutéieren iwwer d’Videoen a ginn op d’Froen an de Feedback vun de Participanten an.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Marthy Gloesener, ZLS Redaktioun & Orthografie, Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 5 mai 2022 de 19 à 21 heures |
Lieu : | Université populaire - Belval - Auditorium |
Nombre max. de participants : | 150 |
Places disponibles : | 135 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Helmuth Sperl - helmuth.sperl@lod.lu |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch |