Online: Den Enseignement musical zu Lëtzebuerg
(Code : D3-b-45)
Kontext / Contexte
Wéi dréit d’Musek zur Entwécklung vum Kand bäi? Wéi gëtt se am beschte vermëttelt? Wéi funktionéiert de Museksunterrecht? A wat bréngt et mat sech, wann den Accès dozou fir Kanner ab der Rentrée 2022 soll gratis sinn? Dës an aner Froen stinn am Mëttelpunkt vum Webinaire, den de Service de l’Enseignement musical vum Educatiounsministère, de SCRIPT a Radio 100,7 den 11. Januar 2022 vu 14.30 bis 16.00 proposéieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participante wëssen um Enn vum Dag:
-wat den Enseignement musical am Besonneschen fir d’Entwécklung vum Kand bedeit;
- wat d’Erausfuerderungen vum Museksunterrecht an deene verschiddenen ordres d’enseignement sinn a wéi et vermëttelt gëtt;
-wat d’Reform vum Enseignement musical beinhalt;
- wéi eng Perspektiven jonk Museker duerch verschidde Kooperatiounen kréien;
Fäegkeeten
D’Participante sinn um Enn vum Dag an der Lag:
- d’Erausfuerderungen fir den Enseignement musical verstanen ze hunn,
- de Rôle vum Enseignement musical an der Gesellschaft anuerdnen ze kënnen,
- verstanen ze hunn, wéi eng Efforten gemaach ginn, fir den Enseignement musical ze verbesseren;
- e nuancéierten an argumentéierten Abléck an d’Organisatioun vum Enseignement musical kritt ze hunn.
D’Participante reflektéieren:
- hier Associatiounen a Virstellungen iwwer d’Léieren an d’Enseignéieren vun der Musek,
- de Stellewäert vum Enseignement musical par Rapport zum Liewensalldag an dem Privatliewe vun der Populatioun am grousse Ganzen a vun de Kanner a Jugendlechen am Besonneschen.
Inhalt / Contenu
D’Invitéen fir d’Diskussiounsronn sinn:
-D’Micky Thein, Directrice adjointe Ecole de Musique UGDA
-De Gilles Lacour. Hien ass de Commissaire à l’enseignement musical vun der Regirung a Chef vun der Direktioun vum Museksunterricht am Educatiounsministère.
-De Marc Meyers, President vun der nationaler Programmkommissioun vum Enseignement musical an Direkter vum Stater Conservatoire.
-De Pascal Sticklies, Responsabel vum Education Department vun der Philharmonie
Analysen vun enger Rei Expertinnen an Experten sinn zousätzlech an der Emissioun ze héieren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Impulsbeitrag/Diskussiounsronn
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Micky Thein, Directrice adjointe de l’Ecole de Musique de l’UGDA
Gilles Lacour, Commissaire à l’enseignement musical
Marc Meyers, directeur du Conservatoire de la Ville de Luxembourg
Pascal Sticklies, responsable du département Education de la Philharmonie
Remarques / Anmerkung
Op de Livestream vun der Emissioun kënnt een iwwer de Website vu Radio 100,7: www.100komma7.lu (https://www.100komma7.lu/news/11-01-webinaire-iwwer-museksunterrecht-zu-letzebuerg).
D’Participanten hunn d’Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hier Froen iwwert Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621440044) eranzereechen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 11 janvier 2022 de 14.30 à 16 heures |
Lieu : | Radiosemissioun op UKW 100,7 mat Livestream |
Nombre max. de participants : | 950 |
Places disponibles : | 657 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | SCRIPT |