Schoulhond Lëtzebuerg - Hondgestëtzt Pedagogik
(Code : B2-f-51)
Kontext / Contexte
Déieregestëtzt Pedagogik ass eng Ënnerstëtzung vun der pedagogescher Aarbecht duerch Déieren. Duerch konkret kandorientéiert Zilvirgaben gi Léierprozesser initiéiert,duerch déi schwéierpunktméisseg emotional a sozial Kompetenzen vum Kand verbessert ginn.
Hondgestëtzt Pedagogik setzt eng Ausbildung mat Ofschloss vum Hondsführer viraus, mat Abezéiung vum Hond, dee fir des Aufgab speziell trainéiert gouf.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanten kennen:
- d'Léierverhalen an d'Ausdrocksverhalen vum Hond
- déi klassesch an operant Konditionéierung
- d'Bedierfnesser vum Hond
- ethesch an hygienesch Aspekter vun der Interventioun mam Hond
- Elementer vun der hondgestëtzter Pedagogik.
Fäegkeeten
D'Participanten sinn kapabel:
- eng Teambildung mam Hond ze garantéieren
- den eegenen Hond liesen ze kënnen
- dem Hond spezifescht Verhalen eegestänneg bäizebréngen (déi eenzel Schrëtter)
- d'Schüler/-innen unzeleeden dem Hond spezifescht Verhalen / Übungen bäizebréngen.
Attitüd
D'Participanten:
- reflektéieren d'Verhalen vun hierem Hond am Asaz an der Klass/Schoul
- kënnen den Hond geziilt an de Léierprozess vun de Schüler/-innen abezéien
- kënnen adäquat op optriedend Problemer reagéieren.
Inhalt / Contenu
D'Schoulhondausbildung besteet aus 6 Moduler mat uschléissender Prüfung.
All Modul besteet aus 2 Deeg (ee Weekend) vu jeeweils 7 Stonnen plus 1 Stonn Mëttespaus.
9:00 bis12:30 Auer avun 13:30 bis 17:00 Auer
Modul 1 - Den Hond
- Theorie: Kommunikatioun an Ausdrocksverhalen
- Praxis: Ausdrocksverhalen tëschent Hond an Hond a tëschent Mënsch an Hond beobachten an analyséieren.
Modul 2 - Léiereverhalen vum Hond I
- Theorie: operant a klassesch Konditionéierung, Ënnerscheed Erzéiung a Gehorsam
- Praxis: praktesch Übungen zu deene verschiddenen Erzéiungsméiglechkeeten.
Modul 3 - Léiereverhalen vum Hond II
- Theorie: Bedierfnesser vum Hond, Belounung, Klickertraining
- Praxis: Klickertraining (Opbau an Asaz), Übungsopbau (shaping) vun Übungen, déi an der Schoul kënnen agesat ginn.
Modul 4 - De Schoulhond
- Theorie: Viraussetzungen fir den Hond an der Schoul anzesetzen, Hygiène an Zoonosen (Vétérinaire), Kanner mat "besoins spécifiques"
- Praxis: Aféierung vum Hond an der Klass (Preparatiounen, Reegelen...), Preparatioun vun de Kanner op de Schoulhond.
Modul 5
- Theorie: praktesch Übungen ausschaffen am Grupp, Uleedungen fir d'Ausschaffen vum eegenen Konzept
- Praxis: Übungen am Grupp ëmsetzen.
Modul 6
- Analys vun den Videoopnamen aus der Klass/Schoul
- Rattrapage (optional)
Prüfung den 28. resp. 29.Juni 2022
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Theoretescher Input
- Austausch a Klenggruppen
- praktesch Ëmsetzung
- eegent Konzept ausschaffen.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Ferny Herkes, Enseignante am Enseignement fondamental
Sarah Neu, Hondstrainerin
Michelle Brendel, psychologue
Aoife Roetzel, Dr. med. vet., veterinaire
Remarques / Anmerkung
Nous vous informons que le régime CovidCheck (3G) sera appliqué à partir du lundi 3 janvier 2022 pour toutes nos formations. Pour les formations dans des locaux externes à l’IFEN, la participation aux formations est soumise aux mesures sanitaires en vigueur dans ces mêmes locaux. Vous trouverez de plus amples informations sur le régime CovidCheck sur la page d’information du gouvernement luxembourgeois : https://covid19.public.lu.______Eréischt no engem bestanenen Eegnungstest ass de Participant zur Formatioun zougelooss. Eng Basiserzéiung vum Hond ass d'Viräussetzung.
No der Umeldung kréien déi potentiell Participanten e Froebou zougeschéckt an dem si hiren Hond aschätzen a beschreiwe sollen. Duerno gëtt den Hond engem Eegnungstest ënnerzunn. An dësem Test gëtt besonnesch berécksiichtegt: Bindung a Vertrauen; Selbstbeherrschung; Erzéiung a Gehorsam; Ëmgang mat Stress.
De Mindestalter vum Hond ass 12 Méint fir mat der Formatioun unzefänken.
Ausgeschloss fir d'Ausbildung ginn déi Teams, déi de gestallte Krittären a kenger Hisiicht entspriechen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | Modul 1: les samedi 15 et dimanche 16 janvier 2022 de 9 à 12.30 et de 13.30 à 17 heures Modul 2: les samedi 5 et dimanche 6 février 2022 de 9 à 12.30 et de 13.30 à 17 heures Modul 3: les samedi 5 et dimanche 6 mars 2022 de 9 à 12.30 et de 13.30 à 17 heures Modul 4: les samedi 26 et dimanche 27 mars 2022 de 9 à 12.30 et de 13.30 à 17 heures Modul 5: les samedi 23 et dimanche 24 avril 2022 de 9 à 12.30 et de 13.30 à 17 heures Modul 6: le dimanche 29 mai 2022 de 9 à 12.30 et de 13.30 à 17 heures Prüfung: le mardi 28 juin 2022 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Bech/Berbourg - Renert/SYNECOSPORT (C1-C4) |
Nombre max. de participants : | 10 |
Places disponibles : | 1 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social de l'EF |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Prérequis : | No hierer Umeldung kréien déi potentiell Participantën e Froebou zougescheckt an deem si hieren Hond aschätzen a beschreiwe sollen. Duerno gëtt den Hond engem Eegnungstest ënnerzunn.An dësem Test gëtt besonnesch berücksichtegt:Bindung a VertrauenSelbstbeherrschungErzéiung a GehorsamËmgang mat StressDe Mindestalter vum Hond ass 12 Méint firmat der Formatioun unzefänkenAusgeschloss fir d'Ausbildung ginn déi Teams déi de gestallte Kritèren a kenger Hisicht entspriechen |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |