Genderrepresentatiounen an de Schoulbicher: Eng Analys zu Lëtzebuerg
(Code : B2-j-38)
Kontext / Contexte
D'Kanner sinn an der Schoul ganz dacks mat Schoulbicher konfrontéiert. Niewent hirer pedagogescher Roll, droen d'Schoulbicher och zu der Sozialisatioun bäi a vermëttele Valeuren, ënner anerem Valeure vun der Egalitéit tëschent de Geschlechter.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participantë/-teë kennen:
- d'Resultater vun der Etüd iwwert d'Genderrepresentatiounen an de Schoulbicher
- d'Effekter vu Stereotyppen op d'Entwécklung vum Kand.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë si capabel:
- Stereotyppen an de Schoulbicher z'identifizéieren
- déi pedagogesch Praxis kritesch z'analyséieren.
Haltung
D'Participantë/-teë positionéiere sech par Rapport zu den Genderrepresentatiounen an de Schoulbicher zu Lëtzebuerg.
Inhalt / Contenu
Mir presentéieren d'Resultater vun der Etüd, déi zu Lëtzebuerg 2020 duerchgefouert gouf a vum Ministère de l'égalité entre les Femmes et les Hommes finanzéiert gouf.
Mir ginn eng Äntwert op folgend Froen:
- Wéi dacks gi weiblech a männlech Persounen an de Schoulbicher vum Enseignement fondamental zu Lëtzebuerg representéiert?
- Gëtt et Stereotyppen an de Schoulbicher?
- Bei wéi engen Aktivitéiten si weiblech a männlech Persounen an de Bicher ze fannen (Hobbyen, Aktivitéiten am Haus, Beruffer)?
Mir stellen d'Resultater vir a proposéiere Piste fir d'Egalitéit tëschent de Geschlechter an de Schoulbicher an an der pedagogescher Praxis ze garantéieren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
Konferenz mat Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Sylvie Kerger, Dr., psychologue, enseignante-chercheuse à l'Université du Luxembourg
Laurence Brasseur, Dr., experte en matière culturelle
Remarques / Anmerkung
Evenement ënnert de Konditioune vum CovidCheck (3G) an / oder adaptéiert un déi Mesuren, déi dee Moment gëllen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 11 novembre 2021 de 17 à 19 heures |
Lieu : | Centre culturel Schéiss - affichage sur place |
Nombre max. de participants : | 150 |
Places disponibles : | 97 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [FA] Formation des adultes [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social Personnel dirigeant et coordonnant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant, éducatif et psycho-social |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois, français |
---|---|
Informations : | Sylvie Kerger - sylvie.kerger@uni.lu |
Organisation : | formation organisée en coopération avec l'Université du Luxembourg, le Centre pour l'égalité de traitement (CET), CID Fraen an Gender et le Ministère de l'égalité entre les Femmes et les Hommes |
Documents liés à la formation
Flyer |