De Litty – didaktesch Materialien iwwert Lëtzebuerger Kultur | Les Carnets didactiques du Cedom
(Code : D1-d-16)
NB: ein oder mehrere Termine dieser Aus-Weiterbildung finden am Standort IFEN Esch-Belval - Terres Rouges statt.
Kontext / Contexte
Mat sengen didaktesch ausgeriichten Themenhefter De Litty fir Grondschoul a Lycée wëll de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom – Centre d’études et de documentation musicales) ausgewielten Aspekter vun der Lëtzebuerger Kultur opschaffen an de jonke Generatiounen an den Enseignante nobréngen.
An der Formatioun ginn d’Enseignanten opmierksam gemaach op d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Kultur, léiere praktesch Beispiller kennen a kréien Iddie fir de methodeschen Asaz vun den Schoulmaterialien.
D’Litty-Hefter si fächeriwwergräifend ausgeriicht, passe virun allem a schoulesch Léierberäicher wéi Musek a Lëtzebuergesch, kënnen awer och fir de Geschichtscours interessant sinn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D' Participantën (er)kennen:
- kulturell Villfalt zu Lëtzebuerg
- praktesch Beispiller
- Iddie fir de methodeschen Asaz vun den Schoulmaterialien.
Fäegkeeten
D' Participantën sinn an der Lag:
- den Transfert vun Themen a Methoden an déi eege Schoulpraxis ze maachen
- Léier- a Programminhalter mat theoreteschen a praktesche Beispiller a Geschichten aus Lëtzebuerg ze kombinéieren.
Haltung
D' Participantën:
- wäertschätzen d'Lëtzebuerger Kultur
- hunn Interessi u Kultur a Geschicht an hirer Gesellschaft an hirer Zäit
- reflektéiere vun eegener Schoulpraxis a Methodik.
Inhalt / Contenu
- Virstelllung vun der didaktescher Serie Les carnets didactiques du Cedom
- Iwwerbléck kulturell Themë wéi Lëtzebuerger Geschicht a Politik am Lidd, Cabaret a Satir zu Lëtzebuerg, Musekstheater zu Lëtzebuerg, Jazz zu Lëtzebuerg, Klassesch Musek zu Lëtzebuerg
- theoreteschen a prakteschen Ëmgang mat den entspriechenden Aarbechtsmaterialien (Kaartespill, Rätsel- an Nosichaufgaben, Lächertexter, Verständnisfroen, Lauschteraufgaben, Wierfelspiller, Wëssenslidder, Interviewen, Hannergrondinformatiounen).
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Virtrag
- theoreteschen a prakteschen Ëmgang mat den entspriechenden Aarbechtsmaterialien (Kaartespill, Rätsel- an Nosichaufgaben, Lächertexter, Verständnisfroen, Lauschteraufgaben, Wierfelspiller, Wëssenslidder, Interviewen, Hannergrondinformatiounen an CD-Rom).
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Georges Urwald, professeur en éducation musicale, professeur-détaché Cedom/BnL
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le lundi 25 octobre 2021 de 17 à 20 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment E |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Form annulée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le lundi 21 février 2022 de 17 à 20 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment E |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Form annulée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe C
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le lundi 13 juin 2022 de 17 à 20 heures |
Lieu : | IFEN Belval - Terres Rouges - bâtiment E |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Form annulée |
Délai d'inscription : | - |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Ordre/s d'enseignement : | C2-C4, ES, Adultes |
---|---|
Public cible : | personnel enseignant et éducatif, à partir du C4 |
Langue(s) : | luxembourgeois |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |