Politesch Bildung am Cycle 2 – Gedankenexperiment „Kachcours” Mër brutschen „Monarchie an Demokratie“ zu engem verdauliche Plât!
(Code : D4-d-05)
Kontext / Contexte
“Dofir si meng Schüler nach ze kléng” oder “Mir mussen eis mol nach op d’Basics konzentréieren... politesch Bildung kenne mer fréistens am Cycle 4 maachen”. Esou oder sou ähnlech kléngt et oft, wann Enseignant(e)s aus dem EF doriwwer schwätzen, ob hir Schüler schon eppes iwwer Demokratie léiere kennen.
Dobäi kenne Schüler*innen schon am Cycle 2 léieren, wat Muecht, Wahlen, Matschwätzen a Matentscheeden bedeit. Des Formatioun weist unhand vu konkrete Beispiller, wéi dat ka goen.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participant/e/n wëssen, dass Demokratie léieren a politesch Bildung net nëmmen “eppes fir di Grouss” ass.
Savoir-faire
D'Participant/e/n verstinn :
- wéi een abstrakt Begrëffer fir Kanner aus dem Cycle 2 verständlech mécht
- wéi een Kanner aus dem Cycle 2 mat ganz konkreten Aktivitéiten fir en demokratescht Zesummeliewen sensibiliséiert.
Attitüd
- D'Participant/e/n trauen sech, fir Themen ronderëm Demokratie och schon mat jonke Kanner unzegoen
- Sie ginn ermontert fir sech ënnereneen auszetauschen an op ze sinn fir nei Iddien.
Inhalt / Contenu
Politesch Bildung ass och am Cycle 2 méiglech. Des Formatioun weist unhand vu praktesche Beispiller, wéi Kanner Konzepter wéi “Muecht”, “Staat” a “Verantwortung” kenne léieren a sech doranner üben fir verschidden Interessen wouer ze huelen, matzeschwätzen a mat ze entscheeden.
De Formateur weist doriwwer eraus, wéi een den Eltere ka weisen, wat d’Kanner zu dësen Themen geschafft hunn.
D’Participanten kréien och eng Literaturlëscht mat nëtzlechen Tipps an Tricks.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Présentatioun
- Gruppenaarbecht
- Diskussioun
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Patrick Dichter, Enseignant am Cycle 2 an dër “Schoul um Kiemel” Wëntger
Remarques / Anmerkung
Eng vum Formateur geschriwwe Beschreiwung vun der Formatioun befënnt sech als pdf enert dem Onglet "Documents".
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 28 septembre 2021 de 15 à 17.15 heures |
Lieu : | Ecole fondamentale de Lux-Limpertsberg - Batty Weber C2-4 - Salle 304 (Kantinn) |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 10 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant du C2 et C3 |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec le Zentrum fir politesch Bildung |
Documents liés à la formation
Programm |