Designprozesser am Schoulalldag
(Code : D2-e-09)
Kontext / Contexte
Wat wier, wa mir alles kéinten re-designen fir de groussen Nohaltegkeetserausfuerderungen vum 21. Jorhonnert ëntgéintzewiirken? Beim zirkulären Design geet ët drëm, fir Produkter a Servicer ze kreéieren, déi kee Liewenszyklus méi mat engem Ufank (Produktioun – take ), enger Mëtt (Konsum – use ) an engem Enn (Offall - dispose) hunn, mee wou mer hiere ganze Liewenszyklus am Kreeslaf gesinn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanten:
- kennen d'Konzept vun der Kreeslafwirtschaft a vum zirkulären Design
- hunn Notiounen vun Design an senger Entwécklung
- verstinn d'Zesummenhäng tëscht dem Äerdschëff an dem zirkulärn Design
- kréien Iddeën fir d'Ëmsetzung vun der Notioun vun Kreeslafwirtschaft an hierem Schoulalldag.
Fähegkeeten
D'Participanten:
- kënne mam Prozess vum Design Thinking schaffen
- kënne gemeinsam e konkreten zirkulären Designprojet ausschaffen.
Haltung
D'Participanten:
- schaffen effikass an zilorientéiert a Gruppen zesummen
- tauschen aktiv Iddeën aus a gesinn verschidde Perspektiven
- entwéckelen Verständnis a Matgefill fir aner Denkweisen a Perspektiven.
Inhalt / Contenu
Mir léieren d’Haaptmiirkmalen vun zirkulärem Design kennen, a ginn de Participanten Notiounen vun nohaltegem Design. Mir leeden d’Participanten duerch ee kollaborativen Design thinking Prozess, wou se kënnen ee Produit odere e Service selwer entwéckelen, an an e puer Etapen duerch Feedback op ee Prototyp kommen. Dëse Prozess kann tel quel an der Schoul benotzt ginn, fir de Schüler hir Selbstwirksamkeit an hir Kreativitéit erauszelackelen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Eenzelaarbecht
- Partneraarbecht
- Gruppenaarbecht
- Reflexioun am Plenum
- Referat.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Dr Katy Fox, www.mycelium.lu
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les jeudis 24 février et 3 mars 2022 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Äerdschëff - Rédange/Attert |
Nombre max. de participants : | 30 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Form annulée |
Délai d'inscription : | - |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Ordre/s d'enseignement : | ES |
---|---|
Public cible : | personnel enseignant |
Langue(s) : | luxembourgeois |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec CELL asbl / Mycelium Design |