Circular Economy pour les nuls
(Code : D2-e-08)
Kontext / Contexte
Eng Kreeslafwirtschaft baséiert op de Prinzipien vum Offall a Verschmotzung aus dem System designen, Produkter a Material am Gebrauch halen, an natierlech Systemer regeneréieren.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanten:
- kennen d'Konzept vun der Kreeslafwirtschaft an seng Geschicht
- verstinn d'Zesummenhäng tëscht dem Äerdschëff an der Kreeslafwirtschaft
- kennen verschidden Prinzipien vun zirkulärem Design a Gamification
- kréien Iddeën fir d'Ëmsetzung vun der Notioun vun Kreeslafwirtschaft an hierem Schoulalldag.
Fähegkeeten
D'Participanten:
- kënnen sech iwwer hier Praktiken austauschen
- kënne gemeinsam un engem zirkulärem Design schaffen.
Haltung
D'Participanten:
- tauschen aktiv Iddeën aus a gesinn verschidde Perspektiven
- entwéckelen Verständnis a Matgefill fir aner Denkweisen a Perspektiven.
Inhalt / Contenu
Mat Fokus op de Ressourcen, déi am Äerdschëff agebaut goufen, entdecke mir zesummen wat Kreeslafwirtschaft (Economie circulaire) ass, op wéi enge Ressourcen besonneschen Drock ass, fir op eng méi schounend an zirkulär Notzung eriwwerzegoen. Mir kucken eis un, wéi et mat der Kreeslafwirtschaft zuLëtzebuerg ausgesäit, ënnersiche verschidden Baumaterialien op hiren ökologeschen Impakt, an offréieren eng ugeleet Design Aktivitéit, wou d’Schüler kënne selwer ee Produkt fir d’Kreeslafwirtschaft entwerfen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Eenzelaarbecht
- Partneraarbecht
- Gruppenaarbecht
- Reflexioun am Plenum
- Referat.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Dr Katy Fox, www.mycelium.lu
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les mardis 22 février et 1er mars 2022 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Äerdschëff - Rédange/Attert |
Nombre max. de participants : | 30 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire [FP] Formation professionnelle |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | Luxembourgeoise |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec CELL asbl / Mycelium Design |