Interdisziplinär Projeten am Schoulalldag ëmsetzen
(Code : C-c-10)
Kontext / Contexte
Haut gët vill vun Interdisziplinaritéit geschwat, ma wat geschitt wierklech an de Schoulen? Wéi kënne mir déi grousser Erausfuerderungem vun eiser Zäit (wéi z.B. Ëmwelt- oder sozial Problematiken) op eng Manéier ugoen, déi hierer Komplexitéit Rechnung dréit an déi iwwer de jeeweilegen Tellerrand vun den eenzelne Schoulfächer geet? Watfireng praktesch an inhaltlech Upassungen kënne mir un eiser Approche maachen, fir dass den Enseignement méi efficace and reell interdisziplinär get?
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participanten:
- kennen d'Konzept an d'Wiirksamkeet vu problemorientéiertem Léieren (problem-based learning)
- kennen verschidden Approchen zu Interdisziplinaritéit
- kréien Iddeën fir d'Ëmsetzung vun interdisziplinäre Projeten an deene verschiddenen Fächer
- verstinn wéi eng Rahmenbedingunge néideg sinn, fir mat Succès interdisziplinär ze schaffen.
Fähegkeeten
D'Participanten:
- kënnen sech iwwer hier Praktiken austauschen
- kënne gemeinsam Unterrichtssequenzen entwerfen
- kënne reflektéieren, wéi eng Méiglechkeeten et an eenzelne Fächer get, fir Interdisziplinaritéit an der Praxis ëmzesetzen.
Haltung
D'Participanten:
- tauschen aktiv Iddeën aus a gesinn verschidde Perspektiven
- entwéckelen Verständnis a Matgefill fir aner Denkweisen a Perspektiven.
Inhalt / Contenu
D’Äerdschëff ass e Gebai an ee Léierzentrum fir Nohaltegkeet a Regeneratioun. Et ass een ökologescht Gebai, wat ee Beispill fir Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg ass. Mir huelen dëst Gebai, an deem d'Formatioun stattfënnt als Ophänk fir eis Reflexiounen iwwer Interdisziplinaritéit.
No engem kuerze Referat kënnen d'Participanten an den Austausch goen, gemeinsam un Unterrichtssequenze schaffen a reflektéieren, wéi eng Méiglechkeeten et an eenzelne Fächer get, fir Interdisziplinaritéit an der Praxis ëmzesetzen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Eenzelaarbecht
- Gruppenaarbecht
- Reflexioun am Plenum
- Referat.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Dr Katy Fox (www.mycelium.lu)
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | les jeudis 21 et 28 avril 2022 de 14 à 17 heures |
Lieu : | Äerdschëff - Rédange/Attert |
Nombre max. de participants : | 30 |
Places disponibles : | 25 |
Statut de la formation : | Form attestée |
Délai d'inscription : | - |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Ordre/s d'enseignement : | ES |
---|---|
Public cible : | personnel enseignant |
Langue(s) : | Luxembourgeoise |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée en coopération avec CELL asbl / Mycelium Design |