Online: Digital sciences - ee neit Fach an de Lycéeën fir déi Jonk
(Code : D6-b-48)
Kontext / Contexte
Och wa mir nach net genee wëssen, wéi d’Gesellschaft vu muer wäert ausgesinn, ass et ganz kloer, dass digital Kompetenzen néideg sinn, fir voll dorun Deel huelen ze kënnen. D’Entwécklung vun deene Kompetenzen ass also eng virrangeg Missioun vun der Schoul vum 21. Joerhonnert. Woubäi et net just dorëms geet, déi technesch Fäegkeeten ze vermëttelen, mee d’Schüler/-innen och bei der Festegung vun hirer eegener digitaler Identitéit ze begleeden. An deem Sënn gëtt bei der Rentrée 2021/2022 dat neit Fach “Digital Sciences” an de Programm vun den ënneschte Secondaires-Klassen integréiert.
Wat d’Iwwerleeung hannendrun ass, wie betraff ass a wéi “Digital Sciences” enseignéiert gëtt, dorobber ginn an dësem Webinaire Expert/-innen an, déi um Ausschaffen um Fach bedeelegt sinn.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participante wëssen um Enn vum Dag:
- wat mat “Digital Sciences” gemengt ass,
- firwat “Digital Sciences” eng Plaz an der Grille d’horaire vun de Lycéeën kritt,
- wéi dat neit Fach opgebaut ass,
- wéi duerch “Digital sciences” souwuel berufflech wéi och perséinlech Fäegkeeten opgebaut an Ziler erreecht kënne ginn.
Fäegkeeten
D’Participante sinn um Enn vum Dag an der Lag:
- d’Kompetenzen, déi am Kader vun “Digital Sciences” gefërdert ginn, verstanen ze hunn,
- déi Kompetenzen par rapport zu Kodéieren, Computational Thinking a Mediebildung anzeuerdnen,
- d’Grënn verstanen zu hunn, firwat dat neit Fach “Digital Sciences” agefouert gëtt.
D’Participante reflektéieren:
- hier Associatiounen a Virstellungen vu “Digital Sciences” par Rapport zu den Informatiounen aus dem Webinar,
- de Stellewäert vum neie Fach par Rapport zum Liewensalldag an dem Privatliewe vun de Kanner a Jugendlechen.
Inhalt / Contenu
D’Invitéen fir d’Diskussiounsronn sinn:
Claire Flammang –Professeur, Division de l’innovation pédagogique et technologique / Division du développement de matériels didactiques : éducation aux médias, développement de matériels dans le domaine des arts. Formatrice Enseignement et Numérique (Education aux et par les médias)
Deborah Plein – Responsable Communication, BEE SECURE
Jennifer Breithoff, chargée de direction vun der scolarisation spécialisée vum Centre pour le développement socio-émotionnel
Fabrice Roth – Directeur, Lycée des Arts et Métiers
Analysen vun enger Reih Expert/-innen sinn zousätzlech an der Emissioun ze héieren.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
-Impulsbeiträg
-Diskussiounsronn.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Claire Flammang, Professeur, Division de l’innovation pédagogique et technologique / Division du développement de matériels didactiques : éducation aux médias, développement de matériels dans le domaine des arts. Formatrice Enseignement et Numérique (Education aux et par les médias)
Debora Plein, coordinatrice BEE SECURE
Jennifer Breithoff, chargée de direction vun der scolarisation spécialisée vum Centre pour le développement socio-émotionnel
Fabrice Roth, Directeur, Lycée des Arts et Métiers
Remarques / Anmerkung
Op de Livestream vun der Emissioun kënnt een iwwer de Website vu Radio 100,7: www.100komma7.lu -
D’Participanten hunn d’Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hier Froen iwwert Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621440044) eran zereechen.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 18 mai 2021 de 14.30 à 16 heures |
Lieu : | en ligne sur www.100komma7.lu |
Nombre max. de participants : | 950 |
Places disponibles : | 706 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant des classes 7ème à 5ème |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | en collaboration avec le SCRIPT et Radio 100,7 |