Online: De Rôle vum Lëtzebuergeschen an der Schoul
(Code : D1-a-29)
Kontext / Contexte
Bei dësem Webinaire geet et drëm, fir den Nolauschter/-innen déi verschidde Rolle vum Fach an natierlech méi allgemeng der Sprooch “Lëtzebuergesch” an der Schoul méi no ze bréngen. Et geet drëm de koherente roude Fuedem opzezeechnen, ënnert wéi enge Forme Lëtzebuergesch am Bildungssystem virkënnt a wéi et sech gemeinsam mat de Friemsproochen, déi am Lëtzebuerger Curriculum integréiert sinn, zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummesetzt; dëst vun der Fréikanderzéiung, iwwert d’Grondschoul eran an de Lycéeë bis hin an d‘Erwuessebildung.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D’Participantë wëssen um Enn vum Webinar:
- wéi Lëtzebuergesch am Schoulsystem vermëttelt gëtt, vun der Petite Enfance bis bei d’Erwuessebildung
- wien déi verschidden Acteuren an der Fërderung vum Lëtzebuergeschen sinn
- wéi Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch gefërdert gëtt.
Fäegkeeten
D’Participantë sinn um Enn vum Webinar an der Lag:
- Verstanen ze hunn, wéi d’Vermëttlung vum Lëtzebuergeschen am Schoulsystem organiséiert ass
- d’Bedeitung vun der Vermëttlung vum Lëtzebuergesche verstanen ze hunn.
Haltung
D’Participantë reflektéieren:
- hir Associatiounen a Virstellungen zur Vermëttlung vum Lëtzebuergeschen
- de Stellewäert vun der Kompetenz am Lëtzebuergesche fir d’Participatioun un der Gesellschaft an um Aarbechtsmaart.
Inhalt / Contenu
D’Invitéeën fir d’Diskussiounsronn sinn:
Mme Flore Schank, Institutrice-attachée, Education plurilingue et interculturelle; Pédagogie et didactique des apprentissage, Service de l’Enseignement Fondamental, MEN
Mme Simone Bleser, Lëtzebuergesch-Enseignante, Ecoles Internationales de Differdange & Esch
Mme Maisy Gorza, Direktesch f.f. vum Institut National des Langues
Mme Shari Schenten, Professer, Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement secondaire
Moderatioun: 100,7
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Impulsbeiträg
- Diskussiounsronn.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Simone Bleser, Lëtzebuergesch-Enseignante, Ecoles Internationales Differdange & Esch
Maisy Gorza, Direktesch f.f. vum INL
Flore Schank, Institutrice-attachée, Education plurilingue et interculturelle, Service de l’Enseignement Fondamental au MENJE
Shari Schenten, Professer, Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement secondaire
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | En ligne |
---|---|
Date : | le mardi 16 mars 2021 de 14.30 à 16 heures |
Lieu : | Formation en ligne - sur radio 100,7 |
Nombre max. de participants : | 1000 |
Places disponibles : | 109 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF] Enseignement fondamental [ES] Enseignement secondaire [FA] Formation des adultes |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Claude Karger - claude.karger@men.lu |
Organisation : | formation organisée en collaboration avec le SCRIPT et Radio 100,7 |