Alles Informatioun oder wat? Webtools fir sech online z‘orientéieren.
(Code : D4-e-09)
Kontext / Contexte
Fir sech eng Meenung ze bilden zu aktuellen Themen, mécht een sech op d'Sich no Informatiounen an Argumenter. Oft ass et allerdéngs net einfach, zouverlässeg Fakten ze fannen oder op Meenungen ze stoussen, déi senger eegener widderspriechen. Schold doru sinn ënner anerem Fake News, Verschwierungstheorien oder Filterblosen.
Des Formatioun vum ZpB stellt zwee Webtools vir, déi op der Sich no Informatiounen an Argumenter Orientéierung bidden.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Participant/e/s wëssen
- wat Filterblosen um Internet sinn
- mat wéi enge Methode Fake News an Verschwierungstheorien Opmierksamkeet kréien.
Savoir-faire
D'Participant/e/s sinn an der Lag :
- d'Webtools déi virgestallt ginn mat hire Schüler/-innen ze benotzen
- hire Schüler/-inne Methoden mat ze ginn fir zouverlässeg Informatiounen ze fannen an sech och mat aneren Argumenter wéi hiren eegenen ze konfrontéieren.
Attitudes
D'Participant/e/s ginn ermontert fir Informatiounen kritesch ze hannerfroen.
Inhalt / Contenu
An dëser Formatioun ginn déi 2 Tools virgestallt, ausprobéiert an dono diskutéiert. Och gëtt gemeinsam gekuckt, wéi des Tools ganz konkret am Unterrecht agesat kënne ginn:
http://propaganda.guide. Unhand vun 10 Froen, kritt de User en Androck, ob e FB-Post, Video, Tweet, Lidd, Poster, etc… hien éischter wëll informéieren oder manipuléieren.
Op www.filterbubble.lu fënnt de User eraus, wéi déif hien a senger Filterblos stécht a wat e kann dogéint maachen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Présentatioun
- Ausprobéieren vun de Webtools
- Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le jeudi 3 juin 2021 de 15 à 17 heures |
Lieu : | Trifolion - Centre Culturel, Touristique et de Congrès Echternach |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 6 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire [EF_C1] Enseignement fondamental-Cycle 1 [FP] Formation professionnelle [EPS] Prise en charge éducative et psycho-sociale |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant Personnel éducatif et psycho-social |
Informations complémentaires : | personnel enseignant et éducatif de l'enseignement secondaire |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Prérequis : | Den eegenen Handy dobäi hunn. |
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | formation organisée par le Zentrum fir politesch Bildung & Trifolion |