SSE - Alles Informatioun oder wat? Webtools fir sech online z‘orientéieren
(Code : B1-r-01-SSE)
Kontext / Contexte
Fir sech eng Meenung ze bilden brauch een Informatiounen an Argumenter. Mee et ass net ëmmer einfach fir zouverlässeg Informatiounen ze fannen oder virun allem online anere Points de Vue wéi sengen eegenen ze begéinen. Schold dorunner sinn ë.a. Fake News, Verschwierungstheorien a Filterblosen.
An dëser Formatioun ginn zwee Webtools virgestallt, déi op der Sich no Informatiounen an Argumenter Orientéierung bidden. Ausserdem gëtt ee gewuer, wéi ee se am Alldag asetze kann.
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen
D'Particpanten wëssen:
- wat Filterblosen um Internet sinn
- mat wéi enge Methode Fake News an Verschwörungstheorien Opmierksamkeet kréien.
Kënnen
D'Participant/e/s sinn an der Lag:
- d'Webtools, déi virgestallt ginn, mat hire Schüler/-innen ze benotzen
- hire Schüler/-inne Methoden mat op de Wee ze ginn, fir zouverlässeg Informatiounen ze fannen an sech och mat aneren Argumenter wéi hiren eegenen ze konfrontéieren.
Haltung
D'Participant/e/s ginn ermontert fir Informatiounen kritesch ze hannerfroen.
Inhalt / Contenu
An dëser Formatioun ginn déi 2 Tools virgestallt, ausprobéiert an dono diskutéiert. Och gëtt gemeinsam gekuckt, wéi des Tools ganz konkret mat de Jonken agesat kënne ginn:
http://propaganda.guide: Unhand vun 10 Froen, kritt de User en Androck, ob e FB-Post, Video, Tweet, Lidd, Poster, etc… éischter informéiert oder manipuléiert.
https://filterbubble.lu/: Duerch ee klengen Test fënnt de User eraus, wéi déif hien a senger Filterblos stécht a wat e kann dogéint maachen.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Présentatioun
- Ausprobéieren vun de Webtools
- Diskussioun.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Kim Nommesch, Zentrum fir politesch Bildung (Responsable de projets)
Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung (Responsable de projets)
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le mardi 23 février 2021 de 10 à 11.30 heures |
Lieu : | IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6 |
Nombre max. de participants : | 15 |
Places disponibles : | 0 |
Statut de la formation : | Formation annulée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel éducatif |
Informations complémentaires : | membres des Services socio-éducatifs (SSE) |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Organisation : | en coopération avec le Zentrum fir politesch Bildung |