2. Lënster Te@chMeet
(Code : D6-c-112)
Kontext / Contexte
Wéi schonn 2019 invitéiert de Lënster Lycée och dëst Joer op de Lënster Te@chMeet, an zwar de 6. Mäerz 2020. Zil ass et erëm fir Leit zesummenzebréngen an iwwert d'Thema Digitaliséierung am Unterrecht ze schwätzen. Dëst Joer huet eisen Event awer eng aner Form: e Barcamp an e OneBestThing. D'Detailer fannt dir am Dokument an der Annexe bzw. hei drënner.
Oflaf:
08.00 – 08.15 d'Participante/-teë kommen un
08.15 – 09.30 Begréissung, Erklärungen zum Oflaf, Virstellung vun de Participanten/-teën, d'Sessioune gi geplangt
09.30 – 09.45 Paus
09.45 – 10.30 Sessioun 1
10.30 – 10.45 Paus
10.45 – 11.30 Sessioun 2
11.30 – 12.30 Mëttegiessen
12.30 – 14.00 OneBestThing, Presentatioun an Ofstëmmung mat Diplomiwwerreechung
Zielsetzung / Objectifs
Wëssen:
D'Participantë/-teë léieren a Workshoppen nei Iddie kennen, déi si an hirem schouleschen Alldag ëmsetze kennen.
Fäegkeeten
D'Participantë/-teë reflektéieren zesummen, wéi si hir nei Erfarungen an hirem Unterrecht benotze kënnen.
Haltung
D'Participantë/-teë fannen sech spontan zesumme fir mat aneren Iddie ronderëm d'Thema Digitaliséierung auszetauschen.
Inhalt / Contenu
E Barcamp gëtt och nach "Unkonferenz" genannt. Bei enger Virstellungsronn erzielen alleguer d'Participantë/-teë, wat si um Thema Digitaliséierung interesséiert. Dono gëtt gefrot, wien eng sougenannt Sessioun (Workshop) zu wéi engem Thema (eng Froestellung diskutéieren, eng App oder Websäit virstellen asw.) ubidde wéilt. Wa sech genuch Leit fir dat Thema zesumme fannen, schreiwen déi Interesséiert sech an dee Workshop an, et gëtt e Sall verginn an d'Participantë/-teë kënne wärend 45 Minutten hiert Thema verdéiwen. All Workshop dauert 45 Minutten a gëtt protokolléiert, fir dat dono jiddereen eng Trace dovun huet. Geplangt sinn zwou Ronne Workshoppe vu jeeweils 45 Minutten.
Beim OneBestThing stellen eenzel Participantë/-teë an 5 Minutten eppes vir, wat ganz ënnerschiddlech Inhalter si kënnen: eng App, eng Websäit, eng flott Unterrechtsiddi, e Schoulkonzept asw.
Arbeitsformen / Approche méthodologique
- Barcamp
- OneBestThing.
Referent, Referentin / Formateur, formatrice
Tanja Klingbeil
Remarques / Anmerkung
- Keng Angscht. Et geet kee gezwongen eppes ze presentéieren, weder beim Barcamp nach fir de OneBestThing. Wann Iech d'Thema Digitaliséierung am Unterrecht interesséiert, da sidd einfach dobäi a maacht mat.
- Wann Dir awer villäicht scho wësst, wat Iech fir de Barcamp interesséiert, da schéckt w.e.g. e Mail un d'Tanja Klingbeil (tanja.klingbeil@education.lu), andeems Dir eng oder zwou vun dëse Froe beäntwert:
1. Dëst Thema interesséiert mech / dës Themen interesséiere mech
2. Ech kéint mir virstellen zu dësem Thema eng Sessioun unzebidden
- Am Géigesaz zum Barcamp muss de OneBestThing am Virfeld geplangt ginn. Wann Dir Loscht hutt, Ären OneBestThing de 6. Mäerz ze presentéieren, da mellt Iech w.e.g. beim Tanja Klingbeil (tanja.klingbeil@education.lu). Et wier gutt, wann Dir Är Presentatioun vun 5 Minutte visuell ënnerstëtze géift (PPT, Keynote o.Ä.). De Contenu vun Ärem OneBestThing kann sech och mat deem iwwerschneiden, wat Dir eventuell wärend dem Barcamp als Sessioun ugebueden hutt.
- D'Parkplazen an eiser Schoul si limitéiert. Kuckt Iech w.e.g. dëse Link un, fir ze gesinn, wou nach Parkméiglechkeete ronderëm d'Schoul bestinn: http://lensterlycee.lu/parkings/
- Wann Dir am Lënster Lycée zu Mëtteg iesse wëllt, mellt Iech w.e.g. iwwert dëse Link un: https://forms.office.com/Pages/ResponsePage.aspx?id=xQ4KNpTw8UWjGcbcNWAnBIJyjLirzc5GgVvM3xmeo4BUN0lZUDNDMU5IOTRWSEkyVFZIM0I1SU1PQi4u
- Bréngt w.e.g. Äre Laptop oder Är Tablet mat a vergiesst ären IAM-Login net.
Termin / Date et horaire
Groupe A
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le vendredi 6 mars 2020 de 8.15 à 11.30 et de 12.30 à 14 heures |
Lieu : | Lënster Lycée International School - Festsall |
Nombre max. de participants : | 150 |
Places disponibles : | 110 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Groupe B
Modalité : | Présentiel |
---|---|
Date : | le vendredi 6 mars 2020 de 12.30 à 14 heures |
Lieu : | Lënster Lycée International School - Festsall |
Nombre max. de participants : | 50 |
Places disponibles : | 38 |
Statut de la formation : | Formation attestée |
Délai d'inscription : | - |
Public cible
Contexte professionnel : | [EF_C2-4] Enseignement fondamental-Cycle 2-4 [ES] Enseignement secondaire |
---|---|
Catégorie de fonction : | Personnel enseignant |
Informations complémentaires : | personnel enseignant |
Praktische Hinweise / Informations pratiques
Langue(s) : | luxembourgeois |
---|---|
Informations : | Institut de formation de l’Éducation nationale |
Documents liés à la formation
Konzept |